Alex Krueger päift d'Coupe-Finale tëschend F91 Dudelange an US Mondorf

Den Alex Krueger, Arbitter a lizenzéiert béim FC Berdenia Berbourg huet déi grouss Eier dëse Sondeg d'Coupefinale am Stade Josy Barthel tëschend F91 Dudelange an US Mondorf ze päifen. 

 

Et ass eng och eng grouss Eier fir eise Veräin, dat ee vun eise Memberen dëse wichtege Match ka leeden.

 

Och vun eisem âneren Arbitter, dem Gilles Becker gëtt et gutt Nouvellen, hien ass an der nächster Saison ob der offizieller Lëscht vun den Assistenten an der BGL-League.

 

Hinnen allen 2 en décke Luew an d'Unerkennung vum ganze Veräin, fir dës Leeschtung.

Share |