Seniors I: Remis am leschte Match

 

FC Berdenia Berbourg – FC Schifflange 95 2:2 (1:1)

 

Virum leschten Championnatsmatch, huet et als éischt mol "Eddi-Soën" geheescht : Verabschied goufen de Marius Reiter, deen eis am Summer leider rëm verléisst, den Dan Huss, deen et op Mondorf zitt an den Tom Hubert, deen an seng wuelverdéngten Fussballspensioun geet. Desweideren war et och dem Gil Cajao sain läschten Match als Co-Trainer.  

 

Hinnen all soen mer een ganz groussen MERCI fir alles, waat se fir den Veräin geleescht hun!

 

Den Match selwer haat sportlech gesin, keen Afloss méi op de Championnat. Déi Schëfflenger konnten an der 18. Minutt duerch e Schoss an den laangen Eck a Féierung goen. Quasi am Géigenzuch war et den Daniel Contrino, deen leng op den Goal geet an dem Keeper keng Chance léisst an zum 1:1 rasetzt. E gudden Wäitschoss vum Yves Dahm an der 26. Minutt an en exzellenten Fräistouss vum Filipe Dias Ramada an der 34. Spillminutt verfehlen hiert Ziel nëmmen ëm Zentimeter.

 

No der Paus waren et rëm déi Schëfflenger, déi a Féierung konnten goen, dëst an der 60.Minutt.

 

2 Minutten drop war et den grad agewiesselten David Schuster, deen zum 2:2 Endstand rasetzen kann.

 

Eng laang an spannend Saison geet op een Enn. Interessant ze erwähnen, dass mer manner Punkten gesammelt hun wei dei lescht Saison an trotzdem éischter gerett waren wei am leschten Joer, wou et bekanntlech jo an den Barragenmatch gaangen as. Deen dierf dëst Joer Beetebuerg spillen, interessanterweis geint den selweschten Geigner wéi d’lescht Jâr géint eis Equipe, de Red/Black Egalité Paafendall.

 

Eis Noperen vun Mertert/Waasserbelleg verléieren um leschten Spilldaag hier Tabellenféierung a mussen hierersäits och an den Barragematch. Hinnen drecken mer natierlech d‘Daumen, dat daat nach klappt! Félicitatiounen awer un d’US Esch, dei all Joer ëmmer knapp un der Promotioun gekraatzt, an et dëst Jâr gepackt hunn direkt opzesteigen.

 

Eis 2.Equipe huet sech den Freiden um leschte Spilldaag dann och den Klassenerhalt an der zweethechster Klass gesëchert.  

 

Um Enn dann nach vun Veräinssäit e ganz groussen Merci un all eis trei Supporter an Sponsoren fir hier wertvoll Ennerstetzung och rëm an dëser Saison. Ouni Iech wier Villes nët méiglech!

 

Genéisst Är Summerpaus an vergiesst eisen KINGS OF PENALTY den 10. an 11. Juni 2016 net.

 

FCBB: Faber – Hubert (75.Chennaux), Weidert, Kaufmann, Petry – Contrino, Benner, Le Conte (58.Schuster), Dias Ramada (C), Dahm (73.Oswald) – Toppmöller

 

Réserve: Hristov, Schuster, Oswald, Chennaux

 

Share |