Trainerteam fir d'Saison 2016/2017

Och an der neier Saison bleiwt den Luc Muller Chef Trainer vun eiser Seniors 1 Equipe. Nodiems hien am Laaf vun der Reckronn d'Equipe iwerholl huet an stabiliséiere konnt, ass et him an sengen Jongen gelongen um leschte Spilldaag den Klassenerhalt perfekt ze man.

 

Säi bisheregen Assistent, de Gil Cajao wäert aus zäitleche Grënn säin Amt awer musse beenden. Op deser Plaatz him nach eng Kéier en groussen Merci fir säi groussen Asaatz.

 

Neien Asisstent vum Luc gëtt den Ibrahim DiopDen Ibrahim huet 32 Joër an kennt och als Spiller bei eis. Hien wiesselt bäi eis vum FC Monnerech, wou en dei lescht 3 Saisonen gespillt huet. Do virdrun huet hien 6 Joer beim FC Déifferdeng 03 gespillt, wou en ënnert aanerem d'Coupe de Luxembourg konnt gewannen an och Deel vun der erfollegräicher Equipe an der Europa League Campagne 2011/2012 war, déi réischt um PSG gescheitert ass.

 

Eis Goalkeeperen wäerten an Zukunft vum Daniel Becker trainéiert ginn. Den Daniel ass elo zanter 2 Joer Keeper bei eis an wëll iwwert dëse Wee seng éischt Schrëtt am Trainergeschäft man.

 

 

Hinnen 3 wënschen mer alles Guddes an vill Erfolleg fir déi nei Saison.

Share |