Jugendcamp 2016 zu Berbourg

Ronn 20 Kanner hunn eng flott Woch erliewt um Jugendcamp 2016 am Stade Renert, dien de Comité an d'Jugendkommissioun vum FC Berdenia Berbourg an Zesummenaarbecht mat der Fussballschoul "Goals and more" organiséiert haaten.

 

Niewt Training, Übungen, Matcher an Tournoiën, stoung d'Freed um Fussball, awer och d'Komerodschaft a virun Allem Spill a Spaas um Programm.

 

Den Ofschloss war e Freideg,mat engem gemittlechen Nômëtteg mat de Kanner, hieren Elteren, der Fussballschoul a Vertrieder vun eisem Veräin. 

Share |