Seniors I: Groussen Kampf an der Millebaach

FC Blue Boys Mühlenbach - FC Berdenia Berbourg 2:1 (1:1)

 

Am läschten Auswärtsmatch an deser Saison stoung fir di Berbuerger nach alles um Spill. Vun Ufank un konzentréiert si se zu Wierk gaangen an konnten sech géint déi vill gudd Millebaacher Ugrëff behaapten.

 

Bis op déi 28.Minutt, wou bei enger Flank den Sam Faber am Goal mat eisem Verteideger zesummegeprallt as, an den Millebaacher Stiermer hannendrun nemmen huet missten den Ball am Goal ennerbrengen.

 

Weider Grousschancen haat d'Millebaach kuerz dono: Als eischt hält den Faber gutt am 1 géint 1, de Kappball nom uschléissenden Corner gëtt ënnen aus dem Eck gekraatzt, an an der 35.Minutt treffen se just d'Laat ier den Manuel Kaufmann klären kann.

 

An der 43.Minut sollt et dunn awer un denen Orangen sin: Den Tommy Toppmöller flankt quesch duerch den Stroofraum wou den Daniel Contrino leng steet an dem Keeper keng Chance léisst fir den 1:1 ze markeieren.

 

No der Paus waren et rëm déi Millebaacher, déi drockvoll ugefaangen hun. Et war awer den Yves Dahm, deen déi éischt Chance haat (46.Minutt), säi Schoss geet laanscht. An der 48.Minutt stoung der Millebaach rëm d'Laat am Wee, wéi de Spiller am Gewulls no engem Corner zum Schoss koum.

 

Et as mat groussem Kampf weidergaang. Berbuerg haat méi vum Match wéi déi 1.Halschent, mee Millebaach war zu all Moment gefeierlech.

 

Beschten Chance am 2.Duerchgang haat den Contrino an der 68.Minutt, wei en an Deiwt gespillt get, leng op den Goal geet mee sain Schoss leider verzitt.

 

An der 82.Minutt huet sech de Charel Weidert nô fir ageschalt an koum no engem flotten Doppelpass zum Oofschloss, hei klärt den Keeper.

 

An der 90.Minutt verhënnert den Marius Reiter den 2:1 andeems en spektakulär op der Linn klärt.

 

Mam 1-1 konnten mer gutt liewen, waren mer dach am Moment sëcher gerett, bedéngt duerch dei aaner Resultater. Mee et koum, wei et kommen muss am Fussball: an der 92.Minutt koumen dei Millebaacher nach zum verdengten, mee fuerchtbar onglécklechen- 2:1 an d'Zidderen huet ugefaang.

 

Sou mussten mer nach oofwaarden bis mer d'Gewessheet haaten: Duerch d'Schefflenger Victoire géint Mensbech an dem Escher 3er zu Beetebuerg steet fest, dass mer net mei kennen op d'Barrageplaatz faalen.

 

Trotz der Neierlaag: Ee groussen Respekt un eis Jongen, dei sech beim Tabellendretten staark deziméiert mat allem gewiert hun waat se haaten an sech mei wei éirevoll aus der Affaire gezunn hun!!!

 

Lo kennen mer den Sonnden am Stade Rénert geint Scheffleng d'Saison ouni Drock ausklengen loossen an vläit Revanche huelen fir dei batter 7:1 Defaite aus dem Hinmatch.

 

FCBB: Faber - Petry, Kaufmann, Weidert, Hubert - Dahm (67.Reiter), Benner, Dias Ramada (C), Le Conte, Contrino - Toppmöller

Réserve: Becker, Reiter, Chennaux, Guth

 

Net dobäi: Boussi, Hartmann, Hristov, Schuster, Bagienski, Oswald, Frank

 

 

Share |