Cadets 1 steigen fréizäiteg op an d‘ 2.Klass

 

Entente  Echternach/ Rosport - Entente Grevenmacher, Berbourg, Biwer  0:1 (0:1)

 

Durch ee schwéier erkämpften Sieg zu Iechternach hun d'Cadets 1 fréizäiteg de Retour an d'2. Klass gepackt.

 

Mat enger deziméierter Equipe hunn d'Jongen vun Ufank un hier kämpferisch Tugenden an d'Spill geworf an versicht de Géigner vum Goal wegzehaalen. Dat ass och souwäit gelongen an Iechternach huet et missen mat Wäitschëss probéieren, die awer hir Ziel nët fonnt hunn.

 

Et goung nach besser wéi den Rafael Almeida eng Onopmierksamkeet beim Géigner genotzt huet fier d'Féierung ze markéieren.

 

An der zweeter Halschent huet Iechternach nach méi Drock gemach, mais defensiv hun mir weiderhinn eng gutt Leeschtung bruecht. Zudem konnten mir op e gudden Nick Assel am Goal zielen, dien an entscheedenden Amenter prima gehaal huet.

 

Gratulatioun vum Comité an der Jugendkommissioun un  all Spiller an hier 2 Traineren  fir den Opstiig an d'2. Klass.

 

Goal: Rafael Almeida

 

Equipe: Assel Nick - Lopes Leo - Kring Jerome - Welsch Alex - Backes Pol - Bock Janik - Bock Niko - Noth Marc - Almeida Rafael - Ferreira André - Goncalves Filipe - Gretsch Pierre - Ribeiro Luis

 

 

 

Entente Berbourg/Grevenmacher /Biwer - Entente Weiler/Itzig   1:2  (1:1)

 

Am Spill vum Tabellenéischten géint den Tabellenzweeten, verléiert eis Equipe trotz eng disziplinéierter a kämpferesch ganz gudder Leeschtung géint e Géigner dien bis elo nach all Match gewonnen huet. Ze bemierken  dat eis Jongen nô enger giel-roude Kaart 40 Minutten an Ënnerzuel gespillt hunn.

 

Goal : Luis Ribeiro

 

Equipe : Bob SCHRANTZ (C), Philippe SCHILTZ, Jo PITZEN, Jérôme KRING, Leandro LOPES, Filipe PINTO, Cyrille NICKELS, Glenn ARTOIS, Junior GONCALVES, Luis RIBEIRO, Pierre GRETSCH, Yves RIEHL, Luca WEISGERBER a Rafa ALMEIDA.

 

 

 

Share |