Berbourg II gewënnt den Derby géint Union Mertert-Wasserbëlleg II

 

FC Berdenia Berbourg II Union Mertert-Wasserbillig II  2:1 (2:1)

 

 An engem intensive Match gewannen eis Jongen verdingt mat 2:1 géint UMW.

 

Berbourg huet direkt gutt an de Match fonnt an kënnt mat enger vun den éischten Aktiounen mat 1:0 vir duerch e Selbstgoal.  No 20 Minuten setzt den David Schuster sech staark duerch a schléisst säi Solo mat engem stramme Schoss ënnert d'Laat zum 2:0 oof.

 

Onerklärlecherweis ass duerno en Broch an d'Berbourger Spill komm, waat UMW kuerz virun der Paus konnt notzen fir den 2:1 ze markéieren.

 

Dei 2 Halschent sollt ganz intensiv sin. Bëlleg war feldiwerleeën, konnt sech e puer gutt Chancen erschaffen (1 x Laat/Poteau) an kuerz virun Schluss verzitt hiren opgerëckelte Keeper no engem Korner nëmmen knapps.

 

Duerno war Schluss an eis Jongen sammelen weider wichteg Punkten a Richtung Klassenerhalt.

 

Ma och mat elo 28 Punkten si mir na nët duerch an nächsten Dënsdeg, den 17. Mai 2016 geet et um 20:00 h zu Hupperdange géint den FF Norden 02 ëm weider 3 wichteg Punkten.

 

Equipe: Becker - Chennaux, Ruppert, Schrantz, Dahm - Schuster, Guth (C), Frondizi, Oswald - Boever, Frank

 

 Réserve: Reinert, Thill, Huss

 

Share |