Berbourg wënnt Ofstiegskrimi géint Bieles

 

Berdenia Berbourg – FC The Belval Belvaux 4:2 (1:1)

 

Herrlecht Wierder, eng gruess Unzuel un Zuschauer vun béiden Equipen, vill Goaler, 3 Eelëfmeter an um Enn bleiwen 3 wichteg Punkten zu Berbourg.

 

Berbourg ass direkt gutt an de Match komm a konnt an der 8. Minutt schon den 1:0 markéiren. Nô engem lange Ball aus eiser Ofwier eraus verschätzt sech den Bieleser Verteideger an den Daniel Benner kann aleng op de Goalkeeper zougoen an schléisst mat engem plazéierten Schoss onhaalbar fir de Keeper of.

 

Nom Goal bleiwen eis Jongen feldiwerleeën, och wann Bieles zu där eng oder aanerer Chance kënnt.

 

No enger halwer  Stonn léisst e Berbuerger Verteideger am Strofraum d‘Been stoen, de  géigneresche Stiermer hëllt dës „Invitatioun“ un, a léisst sech faalen: Eelëfmeter. Dësen gët onhaalbar fir den Sam Faber erageschoss.

 

E puer Minuten virun der Paus : Eelefmeter op der aaner Sait.  Den Tommy Toppmöller gëtt am Strofraum gefoult an trëtt selwer un. Leider huet sech do die aal Binsenweisheit bewährt, dass de Gefoulten nie selwer soll scheissen…

 

Sou geet et mam 1:1 an t’Paus.

 

Nom Téi, et waren knapps 5 Minuten gespillt, huet den souverainen Arbitter nees missten op de Punkt weisen, wie e Bieleser Stiermer regelwiddreg am Strofraum gefoult gouf. Nees trëtt den Schütze vum 1:1 un, an neess verwandelt hien ganz sëcher.

 

Berbourg huet sech vun dësem Rëckstand awer net beiiren geloss an nëmmen 2 Minuten mei spéit gelengt hinnen den Ausgläich.

 

Den Daniel Contrino brengt e Korner gutt eran, an de Pol Petry ass mam Kapp op der Plaatz fir den Ausgläich ze man.

 

Duerno war den onbedingte Wëllen bei eiser Equipe ze spiiren an ze gesin fir dëse Match ze wannen!

 

Berbourg mat ville schéinen Aktiounen no vir, leider huet die néideg Réussite gefeelt.

 

An der 82. Minute brëngt den Daniel Contrino nees e gudde Corner ran. Déi Kéier steet den Tommy oppmöller um éischte Poto goldrichteg a mëcht säi Fehlschoss vum Punkt mat engem wuchtege Käpper an de Wënkel nees wett.

 

3 Minuten drop fällt mam 4:2 dann die entgülteg Entscheedung am Match wei de Contrino en schéine Solo erfollegräich ofschléisst.

 

Eng kollektiv gutt Leeschtung vun eiser Equipe, dei sech verdingt dei 3 Punkten geint en direkte Konkurent ëm de Klassenerhalt sëchert.

 

Weider geet et schon nächste Freideg, den 13. Mee 2016 um 19.30 Auer, wa mer bei den FC Blue Boys Mühlenbach untrieden.

E grousse Merci un de Norb Benner, fir déi flott Photoën, déi hien eis ëmmer zur Verfügung stellt.

 

 

Equipe:

 

Faber – Hubert (70. Frank) , Kaufmann, Weidert, Petry – Contrino, Dias Ramada (c), Le Conte, Hartmann (25. Dahm), Benner – Toppmöller

 

Réserve: Becker,  Frank, Dahm, Ruppert

 

Nët dobäi: Boussi, Bagienski, Schuster, Hristov, Oswald

 

Share |