Ons Cadets am Asaatz

 

Entente  CS Grevenmacher Berbourg Biwer  – FC 72 Ierpeldeng 1:1 (0:1)

 

Géint eng erstaunlech gutt Equip vun Ierpeldeng hunn eis Jongen ganz vill Problemer gehaat fir hir Spill opzezéihen. De Géigner war richteg laafstark an huet déi gesamt Spillzeit dierch fäerdeg bruecht, iwwert de ganzen Terrain Drock opzebauen. Zudem war eis Spill an der éischter Halschent ze lues fir dem Géigner grouss Problemer opzegin. Trotzdem war d’Féierung fir Ierpeldeng iwerraschend, wie e Spiller aus 16 m mat engem Sondesschoss an de Wenkel getraff huet.

 

An der 2. Halschent ass eis Spill dunn méi schnell ginn, a mir hun och d’Hand iwert d’Spill kritt. Den Ausgläich kurz nô der Halbzeit war dunn och verdéngt. Duerno hu mir ët awer ëmmer nach nët fäerdeg bruecht, trotz ville Beméihungen, richteg zwéngend virum Gool ze ginn. Ierpeldeng huet sech bis zur leschter Minut mat immens vill Engagement gewiert, och wann bis zu 8 Spiller am eegenen Strofraum stungen. Trotzdem eng gutt Leschtung, virun allem an der 2. Halschent.

 

Goal: Ferreira André

 

Equipe: Gonclaves Yannick, Bock Janik, Kring Jérôme, Welsch Alex, Lopes Leandro, Noth Marc, Zimmer Cédric, Backes Pol, Hari Hajo, Sulejmani Benssad, Ferreira André, Bock Niko, Schiltz Philippe, Gretsch Pierre

 

 

Entente Osten 2 - Entente Berdenia Berbourg Grevenmacher Biwer  4:1  (3:0)

 

An engem Match die vill méi enk war, wéi d’Resultat ët seet, konnt eis Equipe obschons se um glächen Niveau wéi de Géigner war, kee Punkt mat op Berbourg brengen.

 

Goal: Cyrille Nickels

 

Nick Assel, Sam Konsbruck, Rune Sörensen, Jo Pitzen, Cyrille Nickels, Junior Gomes, Filipe Pinto, Glenn Artois, Asbjorn Sörensen, Luis Ribeiro, Yves Riehl, Luca Weisgerber, Rui Fernando

 

Share |