Seniors I: Berbuerg stoppt den Negativtrend

Yellow Boys Weiler-la-Tour- FC Berdenia Berbourg 1:1 (1:1)

 

D'Haushären koumen besser an den Match, waat se mam fréihen 1:0 an der 2.Minutt ënner Beweis gestallt hun. Eng Flank konnt den Weiler Stiermer ongedeckt ouni Problemer per Volley säitlech aus 10 Meter rasetzen.

 

Kuerz drop war et den Daniel Contrino deen sech am Stroofraum duerchsetzen kann, mee säi Schoss geet knapp derlaanscht. Nôm fréihen Schock war et awer een oppenen Match an deem et déi ganzen Zäit op an oof gaang as.

 

An der 40.Minutt koumen dei Orange dunn zum verdengtenen Ausgläich. Den Tommy Toppmöller verlängert gekonnt op den Daniel Benner, dee mat lenks an de laangen Eck trefft.

 

Kuerz virun der Paus war et dunn riwer fir den Georgi Hristov am Goal. Nô engem Zesummenprall mam Weiler Stiermer gouf en onglécklech um Been getraff. Fir hien koum den Sam Faber an den Match.

 

Nô der Paus waren et rëm déi Weiler mat der éischter gudder Chance, mee den Stiermer koum net mei un eng geféierlech Flank run. An der 59.Minutt markeiert een Weiler Spiller en Goal mat der Hand, kasseiert dowéinst seng 2. giel Kaart a muss vum Steck. An der 70.Minutt geet e Schoss vum Benner nemmen knapp driwer. 3 Minutten drop konteren dei Weiler geféierlech an treffen just den Potto.

 

An den läschten 10 Minutten haaten dei Berbuerger nach 2 richteg gutt Geleenheeten, mee et sollt beim 1:1 bleiwen.

 

Zolitt Leeschtung wou mat e besschen Chance och 3 Punkten drangewiescht wieren.

Weider geet ët am Ooftstiegskampf, nächsten Sonnden am Stade Rénert géint Bieles, déi nëmmen 2 Punkten virun eis leien. Kommt all eis Jongen ënnerstetzen! Match as wei emmer um 16:00 Auer.

 

FCBB: Hristov (45.Faber) - Hubert (81.Hartmann), Petry, Weidert, Kaufmann - Contrino, Dias Ramada (C), Benner, Le Conte, Reiter - Toppmöller (76.Boever)

Réserve: Faber, Boever, Hartmann, Dahm, Ruppert

 

 

Nët dobäi: Boussi, Bagienski, Schuster, Becker, Oswald

Share |