Cadetsequipen wannen hier Matcher

 

E. Lintgen/Lorentzweiler – Entente CS Grevenmacher Berbourg Biwer  1:4 (1:1)

 

Eng gudd Leeschtung hun d’Cadets 1 an hirem Auswärtsmätch géint d’Entente Lorentzweiler/Lintgen bruecht. Op engem miserablen Terrain war et schwéier géint eng ganz defensiv agestallten Heeméquipe.

 

Eis Equipe huet vun Ufank un d’Spill an d’Hand geholl, an an d’Halschent vun der Heemequip verlagert, awer mir hun et nët fäerdeg bruecht eis Goalchancen ze verwerten. Wie mir dunm d’Féierung markéiert haten, huet den Arbiter gemengt de Mätch missen spannend ze haalen, an der Lokaléquip en Eelëfmeter zougestan. Ufank der 2. Halschent haaten mir dunn d’Gléck op eiser Säit, wéi de Gegner zwee Kadoen net zur Féierung genotzt huet. Dat huet den André Ferreira duerno awer fir eis Faarwen gemach andems hien sech gudd géint zwee Gegner durchgesaat huet, a lanscht de Keeper eragesaat huet. Duerno war nëmmen méi eis Equip um Terrain, an déi zwee Gooler vum Benssad Sulejmani an Pol Backes waren eng logesch Konsequenz vun deem Spillverlaaf.

 

Goaler: Noth Marc, Ferreira André, Sulejmani Benssad, Bock Pol

 

Equipe: Carvalho Yannick, Welsch Alex, Kring Jérôme, Lopes Leandro, Bock Jannick, Zimmer Cédric, Steffen Robin, Noth Marc, Sulejmani Benssad, Goncalves Filipe, Ferreira André, Almeida Raffael, Bock Pol, Hari Hajo

 

 

 

Entente Berbourg/CSG/Biwer - US Sandweiler 4:2 (1:2)

 

Nodiems de Géigner mat sengen 2 eenzegen Goalchancen mat 2:0 a Féierung gangen ass, ass ët eiser Equipe gelongen de Match ze dréien. Dank vill Disziplin a guddem Asaatz, konnte mir um Enn verdéngt gewannen.

 

Goaler: Asbjorn Sörensen 2x, Junior Gomes a Pierre Gretsch

 

Equipe: Bob SCHRANTZ, Philippe SCHILTZ, Niko BOCK, Jo PITZEN, Cyrille NICKELS (C), Asbjorn SÖRENSEN, Filipe PINTO, Pierre GRETSCH, Junior GOMES DIAS, Yves RIEHL, Luis RIBEIRO

 

Reserve : Sam KONSBRÜCK , Luca WEISGERBER

 

Share |