Seniors 2 gewannen mat 2:0 géint Wëntger

 

Berdenia Berbourg - AS Wincrange 2:0 (1:0)

Den 1:0 fällt schons an der 9. Minutt duerch de Jerry Boever, dien  säitlech am Strofraum mat engem proppere Schoss aus 15 Meter ofschléissen kann. An der 21. Minutt  gelengt der Wëntger Equipe e Laatentreffer  aus ronn 12 Meter. Kuerz duernô mëcht de Wëntger Verteideger bal en Eegegoal mam Kapp, nô enger  Flank vun der rietser Säit vum Manu Kaufmann. An der 39. Minutt eng Grousschance fir Wëntger wou de Stiermer e centre en retrait nëmmen ëm e puer Zentimeter verpasst

Den 2:0 fällt duerch de Jerry Boever an  der 50. Minutt, mat engem Lupfer aus kuerzer Distanz nodeems de Keeper dem David Schuster säi Schoss nët festhaale kann. Eis Equipe huet eng lescht gutt Chance an der 59. Minutt, mat engem scharfe Fräistouss vum Jerry Boever aus gutt 20m, de Keeper kann de Ball in extremis an de Corner deviéieren.

 

Fazit: Mat vill Asaatz an dem Wëllen ze kämpfen, huet eis Equipe sech gutt präsentéiert, an déi 3 Punkten och verdéngt zu Berbourg gehaalen.

 

 

 

 

Share |