Berbourg 1 verléiert am Derby géint Jonglënster

Coffee at the FC (Photo:Laura Schummer)
Coffee at the FC (Photo:Laura Schummer)

 

FC Berdenia Berbourg - Jeunesse Junglinster 0:5 (0:1)

Um Sonndeg hat den FC Berdenia Berbourg säi Fréijarsfest organiséiert. Ronn 160 Leit sinn der Aluedung vun den Organisateuren nokomm a konnten am Beaurepaire eng sëlleche saisonal Spezialitéiten vum Grill an aus der Kichen schmaachen. Leider konnt weder d’Wierder, mat sengen deelweis äisegen Temperaturen, nach déi sportlech Leeschtung um Terrain, mat der 0:5 Defaite géint Jonglënster, mat dësem Erfolleg mathalen.

 

Zum Match dann: Berbuerg ass ugangs ganz defensiv agestallt, steet doduerch gutt, huet awer kaum Aktiounen no vir. De Géigner probéiert et haaptsächlech mat Schëss aus der Distanz, déi gréisstendeels awer ongeféierlech bleiwen.

 

An der 20. Min hat eis bis dohin gutt gestaffelten Ofwier e Moment vu Verwirrung sou dass de géigneresche Stiermer de Ball offänke kann, an de 16er erageet an de Keeper zum 0:1 iwwerlupft.

 

Déi éischt gutt Chance haten déi Orange dann an der 29. Min wéi de Le Conte dem Hartmann de Ball an der Mëtt mat op de Wee gëtt. Deen setzt sech géint 3 Verteideger duerch, geet alleng op de Goal mee et feelt awer déi läschte Präzisioun fir de Keeper ze iwwerwannen.

 

An der 33. Min bréngt den Hubert e laange Fräistouss aus der eegener Halschent op de Le Conte, deen awer aus spatzem Wénkel de Goal em nëmmen e puer Zentimeter verfeelt.

 

No der Paus ass déi Berbuerger Equipe wesentlech méi héich opgestallt sou dass se déi Lënster an hirer eegener Halschent zu Fehler zwéngt. Berbuerg dréckt op den Ausgläich kennt awer net decisiv virun de Goal. An dëser Drangphase kënnt Jonglënster zu deem engen oder anere Konter. Sou och an der 60. Min. wou se bis an eise 16er fräie Laf hun a kombinéiere kënnen an aus 15m den 0:2 markéieren.

 

Dëst huet eiser Equipe leider d’Genéck gebrach sou dass duerno rëm ähnlech defensiv Verhalensmuster ze observéieren ware wéi am läschte Match géint Luerenzweiler. Konzentratioun a Motivatioun hun nogelooss an de Géigner hat vill Fräiraum fir säi spilleresch Kënnen auszespillen. Sou koum et dann och zum 0:3 (67. Min.), zum 0:4 (70. Min), a schlussendlech zum 0:5 Schlussresultat (75. Min).

 

Equipe: Faber - Dahm, Hubert, Petry, Weidert - Bagienski, Benner (45. Reiter), Contrino (64. Toppmöller), Dias Ramada, Le Conte – Hartmann (74. Oswald)

 

Merci all deene Leit déi dem Veräin dësen Daach gehollef hunn an hiert Bescht fir den FC Berdenia Berbourg ginn hunn.

 

Share |