Out an der Coupe FLF: FC Berdenia Berbourg – FC Lorentzweiler 0:4 (0:1)

An der 1/4-Finale vun der Coupe FLF stoungen sech um Mëttwoch Owend déi zwee éischt Divisionnairen vu Berbuerg a Luerenzweiler géintiwwer.

 

Den Ufank vun der Partie war relativ ausgeglach mat liichte Virdeeler fir d’Gäscht vu Luerenzweiler déi dann och an der 12. Minutt op e Fräistouss hin mat 0:1 a Féierung gaange sinn.

 

Insgesamt war d’Equipe vu Luerenzweiler ugangs méi aktiv, besser organiséiert an hat och méi Spillundeeler, wougéint Berbuerg sech haaptsächlech op d’Verteidegen konzentréiert huet an déi eng oder aner Aktioun no vir net bis zum Schluss auszespillen wousst. D’Gäscht waren allerdéngs och net wierklech zwéngend, sou dass, ausser engem 20m Schoss op de Potto an der 39. Minutt, virun der Paus net méi vill passéiert ass.

 

An der zweeter Halschent war et dann weiderhin e relativ eesäiteg Spill. Berbuerg huet zwar déi eng oder aner Kéier versicht de Wee bis bäi de géigneresche Goal ze fannen, allerdéngs ass et meeschtens schonn am Spillopbau gescheitert.

 

Derbäi sinn deelweis nach Opléisungserscheinungen an der Ofwier komm, déi derzou gefouert hunn dass de Géigner eng ganz Série u gudde Goalchancen hat, wouvun en der dräi notze konnt. (51. eidelen Goal verfeelt / 55. 0:2 Stiermer geet alleng op de Goal / 72. aus ronn 16m op de Potto / 79. Hristov deviéiert an de Corner / 80. 0:3 Selbstgoal no Corner / 82. Minutt 0:4 Selbstgoal).

 

Ze erwähnen bleift awer nach dass eise Keeper Hristov, deen och soss iwwert de ganze Match eng Rei gutt Paraden gewisen huet, an der 87. Minutt en Eelefmeter hält.

 

Domat verléiert Berbuerg verdéngt mat 0:4 a scheed fir dëst Joer aus der Coupe FLF aus.

 

 

Equipe: Hristov, Bagienski (57. Schuster), Benner, Hubert, Weidert (49. Kaufmann), Contrino, Dias Ramada, Le Conte, Petry, Reiter (45. Dahm), Toppmöller

Share |