Seniors 1: Défaite beim Tabellenleader

Union Mertert/Wasserbillig - FC Berdenia Berbourg 1:3 (1:0)

 

 

Am Derby zu Bëlleg konnten sech d'Haushäeren um Enn verdengt mat 3:1 behaapten, daat an engem Match, deen éischter Frëndschaftsmatchcharakter haat, wéi een Derby.

 

Déi Berbuerger hunn immens defensiv ugefaangen an konnten all Ugrëff vun der UMW oofwieren. Dëse Plang ass exzellent opgaangen bis an déi 35. Minutt wéi di Bëlleger en Eelëfmeter zougesprach kruuten. Dësen konnt och äiskaal zum 1:0 verwandelt ginn.

 

Nô der Paus haaten d'Haushäeren de bessere Start an koumen mat engem sehenswerten Wäitschoss vun der Säit zu hierem zweeten Goal.

 

Beschte Chance fir déi Berbuerger haat de Marius Reiter, mee säi Kappball as op de Keeper gaangen.

 

Den Uschlosstreffer markéiert den Tommy Toppmöller nô Pass vum Daniel Contrino, wei e clever aus 10 Meter géint den Laaf vum Keeper rasetzen kann.

 

Mam 3:1 an der 85.Minutt begruewen d'Haushäeren déi läscht Berbuerger Hoffnung awer nach vläicht e Punkt matzehuelen.

 

Lô läit de Fokus nächsten Sonnden um Heemmatch géint Jonglënster, wichteg Punkten géint den Oofstieg ze kréien. Gespillt gëtt am Stade Renert, wéi ëmmer um 16:00 Auer.

 

De Mettwoch steet e weideren Heemmatch um Progamm, an zwar d'Véirelsfinall vun der Coupe FLF, wou mer um 19:30 den FC Lorentzweiler doheem begréissen.

 

FCBB: Hristov - Hubert (46.Toppmöller), Weidert, Petry, Kaufmann - Contrino, Hartmann (46.Dahm), Dias Ramada, Le Conte, Benner - Reiter (68.Schuster)

 

Réserve: Becker, Toppmöller, Dahm, Schuster, Frondizi

 

Nët dobäi: Faber, Boussi, Thies, Bagienski, Boever, Oswald

 

Share |