Seniors I: Keng Chance géint den Tabellenzweeten

 

FC Berdenia Berbourg – US Esch 0:4 (0:2)

 

Et war den erwaart schwéiere Match géint den Tabellenzweeten aus dem Süden. Spillbestëmmend a souverän hu se ugefaangen a koumen schnell duerch eng Pass an d’Déiwt zur Féierung wéi den Escher Stiermer äiskaal rasetzen kann, dëst an der 4.Minutt.

 

No den éischten 20 Minutten huet hieren Drock awer nogelooss an dei Berbuerger konnten hier éischt gutt Goalchance verbuchen, mee e Kappball vum Tommy Toppmöller geet no engem Opsetzer knapp iwert den Goal.

 

Et as monter op an oof gaangen, ier an der 40.Minutt déi Escher zum 0:2 komm sin: E Corner geet duerch den 5er an fënnt en Escher Spiller, deen aus kierzter Distanz onhaalbar per Kappball markéiert.

 

An der zweeter Halschent war Esch nach emmer Chef um Terrain an huet nët méi vill ubrennen gelooss, bis op déi 55.Minutt, wei sie e Spiller wéinst dauerndem Gemeckers mat giel-rout vum Steck gesaat kruuten. Do ass nach Hoffnung bei den Orangen opkomm, an dei Berbuerger hun probéiert Drock opzebauen, koumen och zu gudden Konteren, allerdéngs huet d’Präzisioun bei den Ugrëff gefehlt fir deenen Escher wierklech geféierlech ze ginn.  

 

Sou konnt d'US Esch vun der opgeréckelter Heemequipe profitéieren, a sie konnten selwer hier Konteren ënnerbrengen. Den 0:3 fällt an der 85.Minutt an den 0:4 an der 90.

 

1. Défaite am Joer 2016 géint ee richteg staarken Géigner. Nët schlëmm Jongen, nëmmen nët de Kapp hänken loossen.

 

Nächst Woch geet et weider am Derby geint d’Union Mertert/Wasserbillig. Gespillt gëtt zu Bëlleg um 16:00 Auer.

 

FCBB: Faber – Kaufmann, Weidert, Dias Ramada, Petry, Benner(41. Bagienski) – Contrino (43. Boever), Hartmann, Le Conte – Reiter (55. Schuster), Toppmöller

 

Réserve: Hristov, Bagienski, Boever, Schuster, Hubert

 

Nët dobäi: Boussi, Becker, Thies, Oswald

 

Share |