Berbourg 2 setzt sech duerch géint Bastendorf

 

Berdenia Berbourg – FC Bastendorf 47  4:2 (1:1)

 

An engem ëmkämpften Match, kann sech eis 2. Equipe zum Schluss verdéngt mat 4:2 géint Bastenduerf duerchsetzen.

 

Eis 2 moleg Féierung duerch den David Schuster (1:0) an de Marius Reiter (2:1) konnt Bastenduerf nach jeweils ausgläichen.

 

Nom 2:2 hunn eis Jongen awer nees eng Schëpp drop geluecht,  an duerch 2 weider Goaler vum David Schuster kënne mer den Match fir eis entscheeden.

 

Equipe: Hristov, Sauber, Guth (C), Bagienski, Dahm, Schuster, Schommer, Kiral, Leconte, Reiter, Huss

 

Reserve: Freitas, Ruppert, Schrantz

 

Share |