Berbourg I : Wichtegen Succès zu Wuermer

FC Koeppchen Wormeldange – FC Berdenia Berbourg 0:3 (0:2)

 

Déi Berbuerger kënne weiderhinn vun hierem gudden Laaf profitéieren, a kommen zu Wuermer zu engem enorm wichtegen Succès, wou se sech héichverdengt mat 3:0 duerchsetzen.

Direkt an der 3.Minutt konnt den Tommy Toppmöller d’Féierung markéieren, wéi e sech nö engem Corner duerchsetzt an dem Wuermer Keeper mat sengem Kappball keng Chance léisst.

An der 26. Spillminutt konnten déi Orange hier Féierung ausbauen, allerdengs war et e Wuermer Selbstgoal, deen no engem Corner den 2:0 bruecht huet.

Mat deem Resultat as et an engem gudden Match och an d’Paus gaangen.

Nô der Paus hun dei Berbuerger weider konzentréiert gespillt an hun deene Wuermer d’Liewen schwéier gemaach. Dozou koum, dat se sech selwer geschwächt hunn,  andeems ee Wuermer Spiller weinst Tätegkeet an der 68.Minutt mat rout vum Steck geflunn ass.

Schlusspunkt setzt den agewiesselten Marius Reiter, deen an der 79.Minutt den 0:3 erasetzen kann.

Beschte Chance fir d’Haushären haaten se an der 81.Minutt, mee den Sam Faber am Goal konnt e gudden Schoss nach sou just un d’Laat deviéieren.

Alles an Allem eng ganz zolitt Leeschtung, Super sou Jongen!

Domadder bleiwt Berbuerg am Kalennerjoer 2016 weiderhin ongeschloen, staark! Mat dësen 3 Punkten hu mer eis 6 Punkten Avance op d'Barrageplaatz erspillt.

Nächsten Weekend kennt eng haart Noss an de Stade Rénert. Em 16:00 Auer spillen mer géint den Tabellenzweeten US Esch.

FCBB: Faber – Benner, Petry, Weidert, Kaufmann – Boussi (75.Bagienski), Hartmann (58.Le Conte), Dias Ramada, Contrino – Huss (54.Reiter), Toppmöller

Réserve: Hristov, Reiter, Le Conte, Bagienski, Boever

Nët dobäi: Becker, Thies, Hubert, Kiral, Oswald, Schuster

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

Share |