Coupe FLF: Berbourg souverän an der 1/4 Finall

FC Berdenia Berbourg - FC Jeunesse Gilsdorf 5:0 (2:0)
Keng gréisser Problemer haaten eis Jongen, fir sech an der Aachtelsfinall vun der Coupe FLF géint déi, eng Divisoun ënnert eis spillend Gilsdorfer, duerchzesetzen.
An der 9.Minutt setzt sech den Ahmed Boussi iwert déi riets Säit duerch, flankt a fënnt den Tommy Toppmöller an der Mëtt, deen zum 1:0 per Kappball rasetzt.
An der 32.Minutt war et een Fräistouss vun der rietser Sait, deen duerch den 16er segelt, a just nach vum Potto opgehaalen gouf.
Kuerz virun der Paus dunn den 2:0: De Boussi geet leng duerch, a léisst dem Keeper nët den Hauch vun enger Chance.
No der Paus konnt den agewiesselten Reiter den 3:0 markéieren: An der 66.Minutt war et rëm de Boussi dee sech an den Stroofraum duerchsetzt an op de Reiter opleet.
3 Minutten drop konnt dunn den Toppmöller ee Fräistouss per Kappball zum 4:0 rasetzen, éier de Reiter an der 76.Minutt den Schlussstrëch mam 5:0 ënnert dëse Match zitt.
Zolitt Leeschtung, déi sëcherlech Selbstvertrauen gët fir dëse Sondeg 03. Abrëll 2016, wou mer um 16:00 Auer zu Wuermer untrieden, een direkten Konkurrent, un dee mer den Uschloss rëm kënnen hierstellen.
FCBB: Hristov - Kaufmann, Weidert, Petry - Contrino, Hartmann, Dias Ramada (C), Kiral, Boever - Toppmöller, Boussi
Réserve: Reiter, Benner, Hubert
Net dobäi: Faber, Le Conte, Thies, Bagienski, Huss, Oswald, Becker, Schuster

 

An der 1/4 Finall vun der Coupe FLF trëfft den FC Berdenia Berbourg op den FC Lorentzweiler, dei ënner aanerem d'UMW, Tabellenleader an eiser Divisioun, elimineiert hunn. Den Match as den 20.04 um 19:30 Auer zu Berbourg.

 

 
Share |