Berbourg I: Déi 2 Gesiichter vun Berbuerg

 

 

 

FC Berdenia Berbourg – CS Oberkorn 4:3 (0:2)

 

Géint den Tabelleläschte vun Uewerkuer hunn eis Jongen sech immens schwéier gedoën an louchen duerch Goaler an der 15. an 29. Spillminutt opgrond vun enger schwaacher éischter Halschent verdéngt mat 0:2 hannen. Dat de Réckstand nët nach méi héich war, ass dem Sam Faber am Goal ze verdanken, dee kuerz virunn der Paus bei engem Fräistouss an engem Nôschoss 2x exzellent paréiere konnt.

 

Nô der Paus allerdengs ee ganz aanert Bild: Mat Schwong an Bëss koumen mer zreck op den Terrain a konnten direkt an der 46. Minutt den Uschlosstreffer markéieren. De Nico Hartmann schéckt den Tommy Toppmöller an de Laaf, deen aus 12 Meter oofzitt an dem Keeper keng Chance léisst.

 

An der 52. koumen mer zum Ausgläichstreffer: Den Toppmöller leet am 16er den Ball op den Ahmed Boussi, dee sëcher markéiert.

 

5 Minutten drop haat den Jerry Boever den 3:2 op der Schlapp, mee säin Direktschoss aus 16 Meter kraatzt den CSO-Keeper aus dem Wenkel.

 

An der 64. Minutt war en dunn awer ouni Chance: Een Fräistouss aus gutt 25 Meter knuppt den agewiesselten Dan Huss riicht an d’Kräitz: 3:2 fir Berbuerg.  

 

D’Virentscheedung fällt an der 68.Minutt: Den Toppmöller verwert den Ball technesch staark an zitt Volley vun der Stroofraumgrenz oof, de Keeper ka paréieren, mee den Boussi reagéiert am Schnellsten a markéiert de 4:2 per Kapp.

 

Déi Orange hu weider no fir gespillt an koumen zu heichkarätege Chancen, mee et hun ëmmer e puer Zentimeter gefeelt.

 

An der läschter Minutt koum den CSO awer nach zum 4:3, dëst haat awer keen Impakt mei op den Match well direkt donô   oofgepaff gouf.

 

Wichteg 3 Punkten an engem spektakulären Match: Weider sou Berbuerg!

 

Nächsten Weekend as mol Paus am Championnat, dofir geet et awer Ouschtersamsden um 18:00 Auer doheem weider an der 1/8 Finall vun der Coupe FLF, doheem géint Gilsdorf.

 

FCBB: Faber – Hubert (46.Huss, 84.Thies), Weidert, Petry, Kaufmann – Contrino, Le Conte (38.Boever), Hartmann, Benner – Boussi, Toppmöller

 

Réserve: Hristov, Boever, Huss, Thies, Kiral

 

Net dobäi: Dias Ramada, Reiter, Bagienski, Oswald, Becker, Schuster, Freitas

 

Share |