Berbourg I: 2016 weider ongeschloën

 

Sporting Bertrange – FC Berdenia Berbourg 1:1 (0:0)

 

 

Ee weideren wichtegen Punkt gelengt eisen Jongen auswäerts béim Tabellendrëtten. Op der Bartenger “Pelouse”, een Terrain deen mol net dierf als “Steck” bezeechent dierft ginn, war et deen erwaarten schweieren Match.

 

 

Héich motivéiert hunn déi Orange all Zweekampf ugeholl a konnten deene Bartrenger hier geféierlech wäit Bäll laang Zäit neutraliséieren. Déi Bartrenger haaten méi vum Match, konnten hier 2-3 gutt Aktiounen an der 1. Halschent awer nët notzen.

 

 

Nô der Paus dat selwescht Bild: Bartreng war spillbestëmmend, mee déi Berbuerger konnten awer dergéint haalen. An der 68.Minutt koum et dunn zur Féierung fir d’Haushäeren: E Ball an d'Déiwt konnt den Bartrenger Stiermer zum 1:0 markéieren, an daat obwuel de Schiedsrichterassistent Abseits ugewisen huet, iergerlech.

 

 

Et huet awer net laang gedauert bis mer den Ausgläich markéieren konnten. Den Charel Weidert war no engem Corner zur Stell a konnt per Kappball den 1:1 rasetzen.

 

 

D’Haushären hun weider probéiert nô fir ze spillen, koumen awer kaum zu Oofschloss. Divers Nicklegkeeten hunn dunn och nach den Spillfloss gestéiert a sou as et um Enn béim 1:1 bliwen, e Punkt, mat deem mer sëcherlech liewen kennen. Interessanterweis den drëtten 1:1 hannerteneen.

 

 

Gudden Asaatz a Kampfgeescht, esou soll daat sin. Tip-top Männer, an nëmme nët nôloossen.

 

 

Nächsten Match as den Sonnden, doheem am Stade Rénert, wou mer den Tabellenläschten CS Uewerkuer empfänken. Gespillt get wei emmer um 16:00 Auer.

 

 

FCBB: Faber – Benner, Weidert, Petry, Kaufmann – Boussi, Hartmann (62.Toppmöller), Dias Ramada (C), Le Conte, Boussi (92.Hubert) – Reiter (46. Boever)

 

 

Réserve: Hristov, Boever, Toppmöller, Hubert, Kiral

 

Nët dobäi: Bagienski, Thies, Oswald, Becker, Freitas, Schuster

 

Share |