Berbourg I : Trainerwiessel bei de Seniors

 

Opgrond vun duerchwuessene Resultater an dëser Saison, wei och duerch fehlend Konstanz vun eiser Equipe huet de Veräin beschloss, d'Zesummenaarbecht mam Carlo Trierweiler zu Enn ze brengen. De Veräin erhofft sech mat dësem Schrëtt, neie Reckenwand am Ofstigskampf ze kréien.

 

D’Relève vum Carlo hellt den 48-järege Luc Müller, deen ënnert anerem Trainer zu Izeg a Weiler-la-Tour war a soumadder beschtens eise Bezierk kennt. A senger Carrière war hien och 2 Joer laang Trainer zu Hesper an zu Hueschtert an der Éirepromotioun, assistéiert gëtt en weiderhi vum Gil Cajao.

 

Em Carlo soe mer op dëser Plaatz nach eng Kéier VILLMOLS MERCI fir säin onermittlechen Engagement a wënschen him weiderhin Alles Guddes.

 

De Luc heesche mer natierlech häerzlech wëllkomm beim FC Berdenia a wënschen him allzäit eng glécklech Hand.

 

Share |