Seniors I: E Remis am Derby

 

 

FC Berdenia Berbourg – Daring Echternach 1:1 (0:1)

 

An engem hëtzegen Derby koumen eis Jongen doheem net iwwert en 1:1 raus. Eng schwaach 1.Halschent an een exzellent opgelueschtenen Iechternacher Keeper stoungen um Enn den 3 Punkten am Wee.

 

Den Daring huet aggressiv ugefaangen an hat, ausser enger Chance fir eis an der 8.Minutt duerch den Daniel Benner, méi Undeeler um Match. Sou sinn se dann och no engem Corner an der 21.Minutt mat 0:1 a Féierung gaangen, wei den Iechternacher Spiller konnt per Kappball aus kuerzer Distanz verwandelen. Déi Iechternacher sinn weider um Ball bliwwen an haten an der 38.Minutt d’Geleeënheet op 0:2 ze erheigen, mee den Sam Faber am Goal konnt een Foulelefmeter halen.

 

No der Paus een anert Bild: Iechternach huet dem heigen Tempo aus der 1. Halschent missten Tribut zollen an déi Berbuerger hunn d’Heft an d’Hand geholl. An der 59.Minutt haten mer gläich 2x Pech. Eng Riesenchance vum Ahmed Boussi huet den Keeper an den Corner deviéiert an gläich drop ass en Kappball vum Boussi nom Corner em Zentimeter driwwer gaangen.

Déi läscht 20 Minutten war et een Match op een Goal, déi Iechternacher koumen net méi hannen raus.

 

An der 81. Minutt war den Tommy Toppmöller zur Stell an markéiert per Kappball no engem Corner den erleisenden Ausgläich.

Déi Orange hu weider gedréckt, mee nach weider 3 heichkaräteg Chancen konnten vum Iechternacher Keeper vereitelt ginn, deen den Iechternacher quasi eleng den Punkt gerett huet.

 

Déi Berbuerger sinn dëst Joer nach ongeschloen, hunn awer nach Loft no uewen. Nächst Woch um 16:00 Auer auswäerts géint Bartreng steet déi nächst haart Noss virun eis. Kommt eis Jongen ënnerstëtzen.

 

FCBB: Faber – Thies (79.Bagienski), Petry, Kaufmann, Benner – Schuster (46.Boever), Dias Ramada (C), Hartmann, Contrino (68.Reiter) – Boussi, Toppmöller

Réserve: Hristov, Boever, Reiter, Bagienski, Hubert

Nët dobäi: Weidert, Le Conte, Kiral, Becker, Oswald, Freitas

 

Share |