Berbourg I: Gelongenen Reckronnenoptakt

FC Munsbach - FC Berdenia Berbourg 2:4 (1:1)

 

 

Eis Jongen haten den kloer besseren Start a koumen direkt no Upaff geféierlech virun den Goal, mee eng Pass an den 16er vum Dany Le Conte op den Jerry Boever gouf vum Keeper gehal. An der 2.Minutt war et den Ahmed Boussi deen e laangen Ball an den Strofraum op den Daniel Contrino spillt, deen di Berbuerger Féierung markéieren kann.

 

Den, zu deem Moment, glécklechen Ausgläich markéieren di Mënsbecher an der 11.Spillminutt wei e Ball an d‘Déift vum Stiermer konnt verwäert ginn. Weider Geleeënheeten goufen et op béiden Säiten, mee béid Equipen konnten sech keng konkret Goalchancen bis zur Paus erausspillen.

 

De besseren Start no der Paus haten rëm déi Orange: Den Dias Ramada schéckt an der 47.Minutt den Boussi an den Laf, deen der Verteidegung keng Chance léisst an den 1-2 rasetzt. Weider 3 Minutten drop konnt den Tommy Toppmöller den 1:3 markéieren, deen an der Paus fir den verletzen Contrino rakomm ass, nodeems en vum Boussi am 16er ugespillt ginn ass.

 

Eng weider gutt Aktioun mat 3 Goalschess an der 52 .Minutt huet den Wee nët an den Filet fonnt (2x Toppmöller a Boever).

 

Am Géigenzuch vereitelt den Sam Faber am Goal e gudden Wäitschoss vun de Mënsbecher. D‘Virentscheedung sollt an der 57.Minutt falen, wéi mer um Mettelkrees nosetzen, een Pressschlaag fir eis behaapten an et den Boussi ass, deen um Enn duerchgeet an den 1:4 markéiert.

 

Eng weider gutt Chance haten mer an der 70.Minutt wei den Keeper sech am 1 géint 1 géint den Boever behaapten konnt. Mënsbech koum just nach mat Wäitschess un eisen Goal erun, sou och an der 89. Minutt wei een oofgefälschtes Schoss um Enn zum 2:4 am Filet louch.

 

An der 92.Minutt gouf den agewiesselten Can Kiral nach mat rout vum Terrain gestallt, wéi en iwwermotivéiert an een Zweekampf gaangen ass.

 

3 wichteg Punkten an engem gudden Match, exzellent sou Jongen. Dat gëtt Selbstvertrauen fir d'nächst Woch zu Beetebuerg (gespillt gëtt um 16:00 Auer) an eng weider Revanche aus der Hironn ze huelen!

 

FCBB: Faber – Thies, Weidert, Petry, Kaufmann – Boever (73.Oswald), Dias Ramada (C), Le Conte (57.Kiral), Hartmann, Contrino (46.Toppmöller) – Boussi

 

Reserve: Hristov, Toppmöller, Kiral, Oswald, Bagienski

 

 

Nët dobäi: Benner, Reiter, Roderich, Becker, Freitas, Kohl

 

Share |