Coupe FLF : Mat Kampf an Asaatz an déi nächst Ronn

 

FC 47 Bastendorf FC Berdenia Berbourg: 0:1 n.V. (0:0)

 

Op Feltesdaag hun eis Jongen missten alles aus sech raushuelen an sech op engem extrem schwéier bespillbaren Terrain zu Bastenduerf bis duerch dVerlängerung kämpfen fir 1/8 Final vun der Coupe FLF ze erreechen. Et huet een gutt gesinn, dass eis Equipe déi ganz Preparatioun op syntheteschen Terraiën gespillt huet, haaten mer dach gewalteg Problemer op dësem Terrain an den Match ze kommen.

 

 

D’Haushären hunn dominant ugefaangen an koumen vun Ufank un besser zurecht. No der éischter Véirelstonn hunn déi Orange sech mäi getraut, déi besser Chancen hat awer dHeemequipe. Méi wei eng Kéier huet den Sam Faber am Goal missten agräifen.

 

 

Mat 0:0 goung et an d’Paus mat eng däitlechen Chancenplus fir d’Haushären.

 

Nom Teih sollt et een oppenen an monteren Match ginn. Éischt Ausrufezeechen am zweeten Duerchgang war ee Laatentreffer vun Bastenduerf an der 52.Minutt , den Noschoss geet derlaanscht.

 

Déi Berbuerger, mëttlerweil voll am Match, sinn awer ëmmer mäi staark ginn, an haten déi beschten Geleeënheet an der 86. Minutt, wéi den agewiesselten Daniel Contrino den Ball un dLaatenkraiz hummert.

 

 

Soumat stoung Verlängerung um Programm, an dei sollt et an sech hun:

 

An der 92.Minutt setzt den Tommy Toppmöller den Ahmed Boussi an Szen, deen een Verteideger herrlech emspillt an säi Schoss nach sou just vum Keeper vun den Potto gelenkt gëtt.

 

 

1 Minutt drop hellt den Contrino sech een Häerz an zitt aus 20 Meter of, den Bastenduerfer Keeper kann den Ball awer an enger schéiner Aktioun aus dem Wénkel plécken. Direkt drop déi nächst super Geleeënheet fir déi Orange, mee rëm war et den Bastenduerfer Keeper, deen eppes géint eis Féierung hat.

 

 

An der 97.Minutt waren et déi Bastenduerfer, déi mat engem Gewaltschoss knapp iwwert dLat op sech opmierksam gemaach hunn.

 

 

An der 103.Minutt gouf den Jerry Boever vun der Mëttellinn aus eleng op dRees gecheckt, léisst dem Keeper keng Chance an markéiert den 0:1.

 

Kuerz drop konnt den Sam Faber nach sou just een Lupfer vum Bastenduerfer Stiermer entschäerfen. Läscht gudd Chance am Match hat rëm den Boever an der 112.Minutt, mee och hei huet den Bastenduerfer Keeper sech vun senger beschter Säit gewisen.  

 

 

Spannenden an emkämpftenen Coupematch, deen alles ze bidden hat. Super Asaatz vun eisen Jongen, déi alles aus sech erausgeholl hunn. All Respekt!

 


 

Gelongen Generalprouf also, virum Reckronnenoptakt nächsten Weekend um 16:00 zu Mënsbech.

 

 

FCBB: Faber Bagienski (76.Thies), Kaufmann, Weidert, Benner Boussi, Dias Ramada (C), Hartmann, Le Conte(67.Toppmöller), Boever Oswald (56.Contrino)

 

Réserve: Hristov, Contrino, Toppmöller, Thies

 

Net dobai: Reiter, Roderich, Petry, Becker, Kohl, Freitas

 

 

 

Share |