Den FC Berdenia Berbourg hëlleft Stroossekanner zu Rio de Janeiro

 

Am Kader vu sengem sozialen Engagement mécht eisen Veräin matt bei der Aktioun „Man to Human“.

 

Dëst ass e Projet vun der Man to Human a.s.b.l., déi ënner Aanerem gebrauchten Sportartikelen un aarm Léit (an virun allem u Kanner) aus der ganzer Welt verdeelt. Déi lëscht Aktioun war vir t’Kanner zu Cairo, an déi aktuell Kollekt ass vir Kanner zu Rio de Janeiro geduecht. Fir dass déi Saachen och op der richteger Plaatz ukommen, ginn d‘Bénévolen vun der Associatioun Man to Human op t’Plaatz an verdeelen déi Saachen perséinlech.

 

Wann Dir also benotzten Futtballschong/Trikot’en, Bäll oder aner Sportartikelen hutt, déi Dir net méi braucht, vir et schéin, wann Dir dës Saachen bei engem Comités-Member/Trainer vum FC Berdenia kéint ofginn, dëst am Beschten virum Méindeg, 15 Februar 2016.

Den FC Berdenia seet Iech schonn am Viraus Merci!

 

Méi Informatiounen iwwert d‘Man to Human a.s.b.l fannt Dir ënnert dësem link:  http://www.mantohuman.com/

 

 

Share |