5 Berbuerger Jongen wann Pupilles-Tournoi zu Grevenmacher 

 

An um Enn waren se midd… Ugetrueden ouni Auswiesselspiller hun eis 5 Bouwen t’Konschtstëck färdeg bruecht vir den Tournoi ongeschloen an ouni Géigegoal ze gewannen, dëst matt enger Goaldifferenz vun 11-0.

 

Mä elo mol der Réi no…

 

Gläich zwee Tournéier à 6 Equipen vir d’Pupillen si paralell zu Gréiwemaacher gespillt ginn. Well mir matt eisem Entente-Partner CSG- deenen mir op dëser Plaatz Merci wellen soen vir de flotten Tournéier- zesummen 4 Equipen gestallt hun, sin déi 5 Berbuerger Jongen vir t’éischt dës Saison ennert sech bliwwen an hun net enttäuscht.

 

Wëll d’Matcher zu 4+1 gespillt gi sin, sin mir ouni Auswiessel-Spiller ugetrueden. Defensiv hun de Sam, Pit a Gerry näischt opkommen gelooss, a no vir hun de Leo an Daniel alt nees iwwerzeegt, sou dass ënnert dem Strëch en verdengten Erfolleg virun Dikrech a Menster déi logesch Suite war. Bravo Jongen!

 

All eis Equipen aus der Entente hun méi wéi gutt ofgeschnidden, an enttäuscht huet keen. Och der Equipe CSG II ass et gelongen, hiren Tournéier vir sech ze entscheeden, dëst virun Trier-Talforst a Rouspert.

Félicitatiounen vum Comité a vun der Jugendkommissioun!

Elo freeë mir eis op déi nächst Aufgaben, déi mir elo awer nees zesummen matt onsen Frënn vum CSG an gemeinsamen Equipen upaken wärten.

 

Share |