Neizougäng a Changementer béim FC Berdenia Berbourg

 

Vum Oberligist FSV Salmrohr aus Däitschland kënnt den 20-jähregen defensiven Mëttelfeldspiller Nicolas Hartmann op Berbuerg.  Duerch seng sëllechen Asätz an der Oberliga erhoffen mer eis en Zouwuess u Stabilitéit an eisem Mëttelfeld.

 

Zweeten Zougang ass den 27-jähregen Tommy Toppmöller, hie war ënner aanerem scho fir den FSV Salmrohr an den SV Mehring erfollegräich an der Oberliga ënnerwee a kënnt vum SV Klausen bei eis, wou hien déi läscht Saison nët manner wéi 60 Goaler geschoss huet. Den Tommy ass de Jong vum fréieren Bundesligaspiller an -trainer Klaus Toppmöller, a Brudder vum Dino Toppmöller, dien elo als Spillertrainer beim RM Hamm-Benfica fungéiert.

 

Eng nei Lizenz fir den Seniorskader hu mer dann och nach ze vermellen: Nô e puer Joren Abstinenz vum Fussball huet den Charel Mulbach rëm décidéiert mam Spillen unzefänken a stéisst zu eisem Seniorskader dozou. Hien huet seng ganz Jugend beim CS Grevenmacher gespillt.

 

Allen 3 heeschen mer ganz häerzlech wëllkomm an wënschen hinnen Bonne Chance beim FC Berdenia.

 

No der Wanterpaus stinn och  Changementer an eisem Trainerteam un.

 

De Gil Cajao gëtt den neien Assistent vum Carlo Trierweiler bei den Seniors I, a këmmert sech och nees ëm d’Geschécker vun eiser Seniors Réserves.

 

Dem Dan Huss an dem Eric Frondizi, dei dës Aufgaben bis elo gemaach hun, e groussen Merci fir hieren Engagement. Sie bléiwen eisem Veräin als Spiller souwéi an âneren Fonktiounen erhaalen.

 

 

 

Share |