Seniors 2: Berbuerg gewënnt verdingt dee letzten Hironnenmatch

Entente Berbourg/CSG II - F.F. Norden 02    4:2    (1:0)

 

An engem extrem wichtegen Match geint den Ofstieg ass et deene Berbuerger gelong deen néidegen Asaatz ze brengen fir 3 Punkten Doheem ze huelen. Nô 3 Matcher am Stéck mat gudder Leeschtung awer ouni déi néideg Réussite ass et der 2er Equipe endlech gelong hir Torflaute ze ënnerbannen.


Den 1en Treffer gouf vum Bob Dahlke erziehlt, schéin erausgespillt iwwert eng Combinaisoun Guth-Freitas.


2. Haschent hunn dei Berbuerger dunn de Rythmus erëm bëssen gehuewen an konnten an der 55. Minut den iwwerfällegen 2:0 markéieren, aneleed vum Schmit Tom an perfekt vollended durch de Kapitän Guth Serge dee bis dato opfällegsten Spiller um Terrain.


Durch verletzungsbedingten Wiesselen an enger kuerzer Schlofpause vun der Heemmannschaft ass et de Gäst gelong innerhalb vun 5 Minuten erem op 2:2 erunzekommen.


Nët weider geschockt durch den onverdingten Gläichstand hunn déi Berbuerger sech erëm gerappt an et ass Hinnen och ouni gréisseren Opwand gelong 10 Minuten virun Schluss den 4:2, iwwert den Schuster David ageleet durch de Mëttelfeldspiller Schommer Wenzel, ze schéissen.


Kuerz virun Schluss huet dann nach de Spillertrainer Frondizi Eric missen kuerz angreifen fir dat déi 3 Punkten och zu Berbuerg bleiwen sollten an huet den David Schuster mat engem Draampass an de Laaf geschéckt, sou dat dësen säin 2. Goal an deem Match konnt markéieren.

 

Gudden Asaatz Jungs!

 

Equipe: Becker Daniel, Hoscheid Serge, Brzyski Dariusz, Kohl Noé, Chennaux Pit, Schmit Tom, Guth Serge (C), Schommer Wenzel, Freitas Tom, Oswald Jérôme, Dahlke Bob.

Reserve: Schuster David (45"), Schrantz Max (60") an Frondizi Eric (75")


Share |