Pupillen: 9. Victoire am 9. Match, Bravo!

Och wann t’Resultater bei de Kanner zweetrangeg sin, sou ass et awer ubruecht e puer Wierder iwwert eis Pupilleséquipe ze schréiwen.

Eis Pupilles-Equipe ass all Match matt ganz vill Freed an Engagement ugaangen, an huet d’Konschtsteck fäerdeg bruecht, all Match vir sech ze entscheeden, dëst matt enger Goaldifferenz vun 69-14!

Nët all Match war einfach, an zweemol waren mir och an der Pause hannen. Mä opginn hun t’Bouwen nie, an hun et all Kéier färdeg bruecht nët nëmmen ze egaliséieren, mee och déi Matcher zu eise Gonschten ze dréien. Daat seet genuch iwwert déi Equipe aus!

De Comité an d’Jugendkommissioun félicitéieren de Jongen an hieren Traineren ganz häerzlech vir hir ganz gutt Leeschtung an der Hinronn . Maacht weider esou!


Share |