Eemol verluer, eemol remis fir eis Cadetséquipen

Cadets 1: Leider nët duergang fir e Punkt mat heem ze huelen

FC Differdange 03 I - Ent. CSG/Biwer/Berbourg I 4:3 (2:2)

Leider entäuschend wat d’Resultat ugeet,  mee d‘Leeschtung, d’Astellung, den Asatz an d’Konzentratioun hun gestëmmt, mee mir hunn quasi all Feeler cash bezuelt.

Nô engem ofgefälschten Schoss vu 16-Meter, ass den 1:0 gefall, op Déifferdenger Säit. Fir den 1:1 hued de Robin Steffen gesuergt mat engen wonnerschéinen Lupfer iwert de Goalkeeper. Mir hunn et awer fäerdeg bruecht 1:2 virzekommen, nô engem gudden Ball an de Réck vun der Véirerketten, bei dem erëm de Robin Steffen sein direkten Duell géint den Goalkeepe wënnt. E puer Minuten just virum 2:2 hatten mir den 1:3 um Fouss, mee den Déifferdénger Goalkeeper huet dem Cedric Zimmer seng Goalchance konnten paréieren. Den Ausgläich vir D03 as  op Onopmierksamkeet vun onser defensiver Réih zu staan koum, nodeems de Spiller durch spazéiert ass.

Och déi zweet Halchend war vun engem gudden Niveau vir e Cadets-Match. Hieren 3:2 as nô engem Corner gefall, nodeems mir de Ball nët wäit genuch dégagéiert haaten, an den 4:2 op e Fräistoss hinn, dee ganz genau an d‘Kräiz gepasst huet. Mir konnten nach an den leschten Minutten op 4:3 durch de Cedric Zimmer verkierzen, mee leider hued sinn mir mat 0 Punkten erëm heem gefuer.

GOALER: Robin Steffen 2x, Cedric Zimmer

 

Bobby Jang - Philippe Schiltz, Gitzinger Paul, Sven Becker, Leandro Lopes -Nicolas Oswald, Marc Noth

Benssad Sulejmani, Robin Steffen, Cedric Zimmer- Nicola Schweich

Reserve: Pierre Gretsch, Niko Bock, Yannick Lopes, Pol Backes, Cyrille Nickels

 

Cadets 2: Et rullt nët méi !

Entente Berbourg/CSG/Biwer – Union Remich/Bous     4-4  (1-1)

Trotz engem zwee-Goaler Viirsprong bis 10 Minutten viru Schluss an enger Onmass vu Goalchancen ass et nët duergaangen fir déi 3 Punkten. Krass individuell Fehler an Onkonzentréiertheeten an de leschte Minutten hun zu dësem enttäuschenden Resultat gefouert !

GOALER: Gonzalo FERREIRA, Thomas STURM, Rafa ALMEIDA (2)

Equipe : Bob SCHRANTZ(C) – Charel KREMER, Kaadir AKRAM, Jo PITZEN, Bryan SOUSA – Glenn ARTOIS,               Junior GOMES, Filipe GONCALVES, Janik BOCK – Thomas STURM, FERREIRA Gonzalo

Reserve : Nick ASSEL, Luis RIBEIRO, Luca WEISGERBER, Yves RIEHL a Rafa ALMEIDA


Share |