Cadets 1: Wichteg Victoire géint Etzella, Cadets 2: Enttäusenden Optrëtt


Cadets 1: Wichteg Victoire géint Etzella

Entente CSG/Berbourg/Biwer – Etzella Ettelbruck    3:1 (1:1)

Obschons eis Equipe an der 1. Halschend de Géigner voll am Grëff haat, stong et nô 45 Minutten leider nemmen 1:1 . D’Etzella huet duerch hir eenzeg Goalchance  op en säitlechen Fräistoss marköiert. Leider huet dee Moment de Marquage nët gestëmmt.

Den 1:0 haat virdrun de Robin Steffen gemach op Nôschoss hinn, hien haat am schnellsten reagéiert nô engem Schoss vum Nicola Schweich, dien de Goalkeeper ofprallen geloos huet.

Direkt nom Upëff vun der 2 Halchend huet de Nicola Schweich konnten op 2:1 erhéigen, no engem gudden Ball an d‘Déift vum Benssad Sulejmani.

Nò dem Goal war et een openen Schlagoftausch, an Ettelbreck huet hier Goalchenchen nët genotzt, mee daat hun mir gemach. De Pol Backes hued mat enger Eenzelleeschtung iwwer lénks die ganz Oofwier iwerlaaf,  an huet de Ball via Pôtô an de langen Eck eragemach.

Durch eng ganz gutt 1 Halchend an an eng kämpferesch 2 Halchend , ass ët eng verdengten Victoire. Während engem gudden Deel vum Match huet den Asatz an d’Konzentratioun gestëmmt.

Goaler: Pol Backes, Nicola Schweich Robin Steffen,

Equipe: Bobby Jang - Alex Welsch, Gitzinger Paul, Jerome Kring, Leandro Lopes- Robin Steffen, Nicolas Oswald, Marc Noth - Benssad Sulejmani, Nicola Schwech, Cedric Zimmer

Reserve: Pierre Gretsch, Philippe Schiltz, Niko Bock, Yannick Lopes, Pol Backes


Cadets 2: Enttäusenden Optrëtt

Entente Mondorf/Schengen - Entente Berbourg/CSG/Biwer  5:2  (2:1)

 

En ongeuerdent Stellungsspill an der Verteidegung, an eng ze héich Fehlerquote beim Spillopbau, hunn zu enger verdingter Néierlaag gefouert beim Leader.

Goaler: Gonzalo FERREIRA.Bob SCHRANTZ

Equipe : Bob SCHRANTZ(C) – Thomas STURM, Cyrille NICKELS, Kaadir AKRAM, Bryan SOUSA – Glenn ARTOIS,    Raffa ALMEIDA, Filipe GONCALVES, Janik BOCK – Yannick SCHROEDER, FERREIRA Gonzalo

Reserve : Nick ASSEL, Luis RIBEIRO, Junior GOMES

 



Share |