Seniors I : D’ass Kiermes am Duerf…

FC The Belval Belvaux – FC Berdenia Berbourg 4:1 (1:1)


…mee leider nët um Terrain.

De Réckenwand duerch 2 gewonnen Matcher um Stéck as verpufft, a mir verléieren 3 enorm wichteg Punkten géint een direkten Konkurrent.

An et haat sou gudd ugefaangen: An der 5.Minutt huet den Achmed Boussi vun der lenker Sait eng Flank rageschloen, dei den Bieleser Verteideger per Kappball an daat eegen Netz rasetzt. An der 23. Minutt war et den Marius Reiter, deen eng Reckpass oofleeft an leng an den Stroofraum ranzitt, säi Schoss den Goal leider knapp verfehlt.

Nô dëser Aktioun hu mer de Bieleser den Terrain iwwerlooss, a koumen nët méi an de Match. Zu allem Iwwerfloss huet dunn eng katastrophal Réckpass dem Stiermer riicht an den Fouss, kuerz virum Pausenpëff, den Ausgläich beschert.

Och an der 2. Halschent kruuten mer kee Fouss op de Bueden an hun eis, ouni Géigenwier dem Schicksal erginn. Bieles markéiert de schéin rausgespillten 2:1 an der 61. Minutt an konnten hier Féierung nach ausbauen. Den 3:1 fällt an der 74. Minutt, an de  4:1 Endstand an der 88.

 

De Sonnden, 22. November 2015 kënnt an der Coupe FLF den CS Bourscheid aus der drëtter Divisioun an den Stade Renert op Besuch; eng gutt Geleeënheet, sëch Selbstvertrauen fir de läschten Championnatsmatch de Sonnden drop géint den Tabellenvéierten aus der Millebaach ze huelen. Gespillt gëtt um 16:00 Auer.

FCBB: Faber – Kaufmann (C, 63. Boever), Petry, Weidert, Thies – Benner, Le Conte, Dias Ramada, Contrino – Boussi (71.Freitas), Reiter

Réserve: Becker, Boever, Freitas, Kohl

Nët dobäi: Hristov, Bagienski, Roderich, Frank, Stommes, Ruppert, Oswald


Share |