Seniors 1: Déi éischt 3 Punkten doheem

Berdenia Berbourg - Yellow Boys Weiler  2:1 (0:1) 

Béi schéinem Fussballwieder huet Berbuerg direkt gutt lassgeluecht mat enger Duebelchance vum Contrino an der 2. Minutt, wou hien awer zweemol um Keeper hänke bleift.

No enger aktiver Ufanksphase vun der Berbuerger Equipe ass allerdéngs d’Uerdnung e bëssen verluer gaang an et sinn haaptsächlech déi Weiler déi Richtung Berbuerger Goal marschéiert sinn. An der 14. Minutt as et dun och passéiert. Nodeems de Reiter nach mat enger eelefmeterwürdeger Aktioun am géigneresche 16er gestoppt gëtt, leeft e Konter iwwer lénks wourops hin de Weiler Stiermer d’Flank vun der Säit ongestéiert kann zum 0:1 erakäppen.

Fir de Rescht war et eng ausgeglachen schwaach éischt Halschent mat vereenzelte Chancenusätz op béide Säiten.

No der Paus kënnt Berbuerg awer erëm direkt gutt an de Match wou an der 50. Minutt eng schéin Kombinatioun mat Boussi a Boever iwwert déi lénks Säit leeft. De Boever zéiht aus 20 Meter of, mee de Keeper mécht sech laang a kann de Ball an de Corner déviéieren.

An der 63. Minutt war Berbuerg am Gléck – déi Weiler kombinéieren schéin bis an de Strofraum, mee kennen de Ball awer aus knapp 10 Meter nëmmen iwwert den eidelen Goal setzen.

Kuerz drop awer dann e Berbuerger Ugreff, wou de Boussi riets d'Linn rofgeschéckt gëtt. Hien léisst direkt e puer Verteideger stoen a leet de Ball queesch riwwer op de Reiter deen an der 66. Minutt ouni Problem kann zum 1:1 erasetzen.

Em déi 75. Minutt war d‘Opreegung grouss op deenen zwou Säiten. Als éischt markéiert de Reiter fir Berbuerg, gëtt awer wéinst Abseits zréckgepaff. Mol keng Minutt méi spéit eng ähnlech Szen op der aner Säit, wou och e Goal wéinst Abseits ofgepaff gëtt – alles korrekt!

Rëm eng Kéier décken Dusel fir déi Orange an der 85. Minutt wou dee laanggewuessene Weiler Mëttelfeldspiller no engem Corner op de Potto käppt an den Noschoss aus kuerzer Distanz vum Faber exzellent ofgewiert gëtt.

Am Géigenzuch gëtt de Kaufmann de Ball vun hannen eraus dem Boussi mat op de Wee, deen sech iwwer lénks duerchsetzt an an d’Mett riwwerleet, sou dass de Reiter an der 86. Minutt zum 2:1 Endstand annetzen kann.

Insgesamt eng besser zweet Halschent vu béiden Equipen, mat méi Goalchancen op deenen zwou Säiten, woubäi letztendlech déi Berbuerger sech mat e bëssen méi Chance a Courage déi wichteg 3 Punkten erkämpft hunn.

Merci dem Norbert Benner wéi déi flott Photoën vum Match!

Den nächste Sonndeg, 15.11.2015 geet ët um 16:00 zu Bieles géint den FC The Belval Belvaux. déi mat grad esouvill Punkten wéi Berbourg eng Plaatz virunn eis leien an der Tabelle. 

Opstellung: Faber – Petry, Thies, Weidert, Kaufmann – Bagienski, Benner, Dias Ramada, Contrino - Boussi, Reiter

Reserve: Boever, Dahm, Kohl, Oswald


Share |