Seniors II: Katastrophal  géint  Bastenduerf, an sech zréckkaft géint Lëntgen


 

F.C. Berdenia Berbourg/CSG II - Minerva Lintgen II 2:0 (0:0)

 

An dësem Match konnt de Faux-pas vun der letzter Woch géint Bastenduerf erëm geglätt ginn. Duerch eng deelweis besser Leeschtungm a verbesserten Asaatz ass et deene Berbuerger gelong eng staark Lëntgener Equipe doheem ze schloen.

Goaler: Jerry Boever (2X)

Kader: Hristov Georgi, Dzogovic Haris, Bagienski Bartosz, Schmit Tom, Hubert Tom, Oswald Jérôme, Guth Serge (C), Sehovic Inas, Boever Jerry, Gonçalves Keiven , Frank Christophe

Réserve: Freitas Tom (25"), Lopes Kevin (70"), Chennaux Pit (75"), Frondizi Eric

 

Katastrophal Leeschtung vun der 2. Equipe!

F.C. Bastendorf II - F.C. Berdenia Berbourg/CSG II  10:2 (5:1)

Opwuel d'Equipe gutt gerüst op Bastenduerf sech déplacöiert huet ass dobäi néischt erauskomm. Döi Bastenduerfer hunn einfach mat Freed an Zusammenhalt gespillt, an hunn mat enger Einfachheet sech kënnen durchsetzen dat sie selwer sech gefroot hunn waat hei lass wier.

Nët nëmmen hunn déi Berbuerger naiv gespillt, mais et wor kee Kollektiv dô, guer keen Asaatz an mol nët bëssen Anstand fir sech ze wieren an zumindest ze probéieren dogéint ze haalen. Daat eenzegt wou déi Berbuerger geglänzt hunn war mat Passivitéit!

Opwuel den Trainer an de Capitain à plusieures reprises der Equipe virum Match kloer gemaach hunn wéi een déi Bastenduerfer  taktesch  kéint knacken, ass dëst absolut nët emgesaat ginn, an d'Resultat schwetzt dann fir sech...

Goaler: Jérôme Oswald (2X)

Kader: Bob Schrantz, Max Schrantz, Haris Dzogovic, Bartosz Bagienski, Pit Chennaux, Tom Hubert (C), Jerry Boever, Tom Freitas, Schommer Wenzel, Oswald Jérôme, Schipani Giuseppe

Réserve: Eric Frondizi (70")


 


Share |