Seniors I : Auswärtsvictoire am Derby

FC Jeunesse Junglinster – FC Berdenia Berbourg 3:4 (1:1).


Zu Jonglënster konnten eis Jongen duerch eng gutt kämperesch Leeschtung d’Iwwerhand behaalen an wichteg Punkten sammelen.

An der éischter halwer Stonn goufen et weineg Aktiounen op béid Goaler, mat Ausnahm vun engem oofgefälschten Fräistouss vum Achmed Boussi an der 26.Minutt, deen den L!enster Keeper exzellent oofwiert.

De Föierungstreffer fir döi Orange konnt de Boussi an der 32.Minutt marköieren, wéi en d’Oofwier stoë léisst an leng virum Keeper rasetzen kann.
Kuerz virun der Paus sinn déi L!enster méi staark ginn a koumen an der 41.Minutt duerch ee sehenswerten Fallrückzieher zum Ausgläich. Bis zum Pausenpëff hu se den Drock héich gehaalen, konnten awer nët markéieren.

De besseren Start an déi 2. Halschent haaten déi Berbuerger: De Marius Reiter scheckt de Boussi an d’Déiwt, deen äiskaal säin 2. Goal zum 1:2 markéiert. (51.Minutt).

Den 1:3 fällt an der 65.Spillminutt: De Boussi setzt sech lenks am Stroofraum géint 2 Verteideger duerch, flankt an d’Mëtt an de Reiter setzt per Kappball ran. Keng 2 Minutten drop, dunn d’Virentscheedung, wei et rem den staarken Boussi war, deen zum 1:4 trëfft.

An der 74. Minutt konnten dei Lënster op 2-4 verkierzen. An der Nôspillzäit koumen se nach eng Köier op 3-4 run, ier dunn awer oofgepaff gouf.
Wichteg an heichverdéngten 3 Punkten hunn  eis Jongen sech auswärts erkämpft. Weider sou!

Nächsten Match as den Sonnden an enger Woch. Gespillt get den 08.11.2015 doheem am Stade Rénert géint d’Yellow Boys vu Weiler-la-Tour, eng optimal Geleeënheet, sech weider Loft am Oofstiegskampf ze verschaafen!

FCBB: Faber – Thies, Petry, Weidert, Kaufmann (C) – Contrino, Dias Ramada (76. Boever), Le Conte (23. Bagienski), Benner – Boussi, Reiter (82. Oswald)
Reserve: Hristov, Bagienski, Boever, Oswald, Kohl
Nët dobäi: Becker, Roderich, Freitas, Dzogovic, Stommes, Frank, Ruppert
Share |