Cadets I verléieren knapp, Cadets II gewannen héich

Cadets I: De Match dauert nët nëmme 40‘, mee 80‘ Minuten

 

Ent. CSG/Biwer/Berbourg  - FC Differdange 03   2:3 (1:3)

Mir ware nô 20 Minuten schons 0:2 hannen, déi 3 Goaler si gefall durch individuell Feeler, zweemôl gouf den Ball verluer an den leschten 25 Metert virun onsem Goal, eemol durch e schlecht Stellungsspill nô engem Fräistouss op den 2. Poteau.

Eis Equipe ass awer duerch eng flott Aktion op 1:3 (Robin Steffen) nach virun der Pause erukomm. Mir hunn déi 1. Hallchend just nôgekuckt, géint ee gudden agressiven Géigner dien ons Dommheeten voll ausgenotzt huet.

An der 2. Hallchend huet eis Equipe sech endlech emol gewiert, a mir ware vill besser an allen Punkten. Den 2:3 (Nicola Schweich) war och verdengt, mir konnten och nach déi eng oder âner Goalchance erausspillen, déi mir awer  leider nët notze konnten.

Fazit: MIR wannen a MIR verleieren als Equipe, mee leider hunn mir den Match durch ons schlecht éischt 40 Minutten verluer.

GOALER: Nicola Schweich, Robin Steffen

Equipe: Yannick Lopes – Alex Welsch, Jerome Kring, Leandro Lopes, Gitzinger Paul -

Robin Steffen, Cedric Zimmer, Marc Noth, Nicolas Oswald - Benssad Sulejmani, Nicola Schweich

Reserve: Pierre Gretsch, Pol Backes, Philippe Schiltz

 

Cadets II : Gudden Optrëtt op der Musel

Union Remich/Bous - Entente Berbourg/CSG/Biwer  0:9  (0:2)

E gudde Match vun eiser Equipe géint en iwerfuerderte Géigner an der 2. Hallschend. D’Spillfreed, den Asatz an d’Konzentratioun hu gestëmmt!

D’Goaler hu geschoss :

Yannick SCHROEDER (11 M), Gonzalo FERREIRA (4), Thomas STURM, Yves RIEHL, Raffa ALMEIDA, Junior GOMES

Equipe : Bob SCHRANZ(C) – Niko BOCK, Jo PITZEN, FERREIRA Gonzalo, Charel KREMER – Janik BOCK, Flipe GONCALVES, Luis RIBEIRO, Raffa ALMEIDA – Yannick SCHROEDER, Thomas STURM

Reserve : Luca WEISGERBER, Junior GOMES, Yves RIEHL

 

 


Share |