Seniors I: Klassenënnerscheed am Derby

Daniel Benner (20 Jâr): 100. Championnatsmatch am Seniorsberäich
Daniel Benner (20 Jâr): 100. Championnatsmatch am Seniorsberäich

Berdenia Berbourg - Union Mertert/Wasserbillig  0:7 (0:4)


An engem schwaache Match vun enger ersatzgeschwächtener Berbuerger Equipe geet den Derby géint UMW verdéngt mat 0:7 verluer.

De ganze Match iwwer konnten eis Noperen vu Mertert-Wasserbillig d’Spill bestëmmen a Berbuerg ass oft nëmmen hannendrun gelaf. Déi néideg Dynamik a Konzentratioun hu gefehlt fir dem aktiven a sprëtzege Géigner kënne Paroli ze bidden. Deelweis schéin erausgespillten Szenen op der géignerescher Säit hunn derzou gefouert dass den orangen Filet ganzer 7 mol gewackelt huet (6., 30., 33., 39., 65., 81., an 89.).

Um Berbuerger Konto stoungen no 90 Minutten insgesamt dräi gutt Goalchancen (12., 26. an 57.). Dräi mol gëtt den Ari Boussi schéin duerch d’Ofwier ugespillt, dräi mol huet him awer och déi néideg Réussite gefehlt fir de Ball am Goal ënnerzebréngen.

„Mund abputzen – weitermachen" – an zwar am nächsten Derby e Sonndeg um 16:00 zu Jonglënster.

Eng positif Remarque awer och: Eise Spiller Daniel Benner huet gëschter séin 100. Championnatsmatch (!) als Senior gespillt an dat am Alter vun 20 Jâr. Mir félicitéieren dem Daniel zu dëser "ronner" Zuel, a soën him Merci fir dee gudden Asaaz dien hien fir d'Berbuerger Equipe bis elo gewiesen huet.

Equipe: Faber, Benner, Kohl, Petry, Thies, Kaufmann, Dias Ramada (72. Oswald), Contrino, Boussi (85. Huss), Le Conte, Roderich

Reserve: Becker, Oswald, Huss, (Frank)


Share |