Berbuerg I hëllt e Punkt beim Tabellen-Leader US Esch

US Esch – Berdenia Berbourg 1:1 (0:0)

 

Opgrond vun enger iwerzeegender spillerecher a kämpferecher Leeschtung brengt eis Equipe e verdingte Punkt vun Esch mat.

An denen éischten 15 Minuten wôr Esch feldiwerleeën a konnt sech déi eng oder déi aaner Chance erspillen, déi awer jeweils vum Sam Faber mat Bravour konnten ofgewiert ginn. Duernô sinn eis Jongen besser an de Match kommen a konnten selwer mat e puer gudden Konteren Akzenter setzen. Et goung awer mat engem 0-0 an d'Paus.

An der 54 Minuten fällt dun den 1:0 fir Esch op e Corner hin. Duerno hunn eis Jongen awer kengesfalls de Kapp an de Sand gestach, mee hun weiderhin mat vollem Asatz gespillt an koumen an der 75. Minute zum verdingten Ausglaich durch den Ari Boussi.

An der leschter veirel Stonn huet Esch dunn alles probéiert fir den 2. Goal ze man. Eis Jongen husech awer dovunner nët beandrocke geloss an hun nët vill nennenswärt Chancen zougeloss an sech hierersaits nach e puer gudd Chancen erspillt.

No e puer Minutten Nôspillzäit huet dei gudd Arbittesch Tania Morais de Match ofgepaff an eis Jongen huelen e méi wéi verdingte Punkt mat.

Als Fazit kann e soen dat mer eng richteg gudd Reaktioun op dei hefteg Coupe Defaite vu leschter Woch gewisen hun.

 

Eng Leeschtung, op déi sech garantéiert opbaue léisst an déi Confiance dierft ginn, fir den Derby nächste Sonndeg, 18.10.2015 um 16:00 h doheem géint d'Union Mertert-Wasserbelleg. Kommt eis Jongen an eise Veräin ënnerstëtzen.

Dëse Freideg, 16.10.2015 ass ab 19:00 eist traditionnellt Mullefest zu Berbourg am Beaurepaire. Mir hunn nach Plaatze fräi, wann dir Loscht huet e gemittlechen Owend mat eis ze verbrengen, da kënnt Dier Iech nach béim Max Raths umellen (maxraths@pt.lu oder Tel: 661 739 420).  

Equipe: Faber, Benner, Weidert, Petry, Thies ( Kohl 85.), Kauffmann (C), Leconte, Dias Ramada, Contrino (Roderich 46.), Boussi, Reiter (Frank 70.)

Reserve: Hristov, Kohl, Freitas, Frank, Roderich

 


Share |