Cadets: Keng Punkten op de Konto kritt

Cadets 1: Trotz gudden Goalchancen de Match awer verluer

Etzella Ettelbruck - Entente CSG/BERBOURG/BIWER 2:0 (0:0)

An der 1. Halschend huet eis Equipe gutt gespillt, a mir haaten de Match. Et waren 3-4  Goalchancen, fir eis Faarwen, déi awer leider nët genotzt goufen.

Déi éischt 20 Minutten vun der 2 Halschend, war nët vill lass ob béiden Säiten. Duernô haaten mir ërëm eng Goalchance, an am direkten Géigenzuch huet Ettelbreck mat hierer 1. Chance den 1:0 markéiert. An der leschter Minute, konnt d’Etzella dunn nach per Eelëfmeter op 2:0 erhéigen. Leider hunn eis 2 Spiller Yannick Lopes an Cedric Zimmer iwwerflësseg giel Kaarten kritt duerch meckeren.

Equipe: Yannick Lopes- Cyrille Nickels, Philippe Schiltz, Alex Welsch, Kaadir Akran-Robin Steffen, Cedric Zimmer, Marc Noth, Nicolas Oswald - Benssad Sulejmani, Nicola Schweich  Reserve: Bobby Jiang, Niko Bock, Janik Bock, Thomas Strum, Goncalo Ferreira

 

CADETS 2 : Schlecht belount fir gudden Asaatz!

ENTENTE  BERBOURG/BIWER/CSG – Entente MONDORF/SCHENGEN  1:2 (1:1)

Eng ganz positiv Reaktioun, wat den Asatz ugeet, gouf et vun der Equipe nom schlechte Frëndschafts-match zu Märel leschte Weekend.

Eng ganz Reih personnell Ännerungen an der Basisformatioun hu sech positiv ausgewierkt op de Match an den 40 éischten Minutten. Déi Giel/Orange koumen op Korner hin viir duerch e Goal vum Filipe GONCALVES. Weider gudd Chancen konnte leider nët genotzt gin.

De Gaascht konnt duerch e Ballverloscht am Mëttelfeld op 1-1 gläichzéien, wat opgrond vun de Spillundeeler an de Chancen virum Téih éischter glëcklech war.

Eng Ëmstellung an eiser Verteidegung nô der Paus huet kuerzzéiteg fir Duercherneen gesuergt a Mondorf krut den Avantage. De verdingten Ausgléich sollt awer net méi faalen trotz groussem Opwand. 

EQUIPE : Bob SCHRANTZ (C) – Leandro LOPES, Pierre GRETSCH, Jérôme KRING, Charel KREMER – Raffa ALMEIDA –Luis RIBEIRO, Filipe PINTO, Filipe GONCALVES, Glenn ARTOIS – Yannick SCHROEDER  Reserve : Nick ASSEL, Jo PITZEN a Junior GOMES

    


Share |