Keng iwwerzeegend Optrëtter vun eise Cadetséquipen

Cadets 1: Entente CS Grevenmacher/Jeunesse Biwer/Berdenia Berbourg
Cadets 1: Entente CS Grevenmacher/Jeunesse Biwer/Berdenia Berbourg


 
 

Entente CSG/Biwer/Berbourg - CS Fola Esch  1:2

 

Nët ganz zefriddestellend hunn eis Cadets 1 gespillt , an duerch keng gutt Leeschtung dann och verdéngt verluer.

 

0:1 Kontergoal no engem Feeler bäim Aworf an der géignerescher Halschent.

 

1:1 Nô engem flotten säitleche Schoss vum Benssad Sulejmani aus 18m an den langen Eck iwwert de géigneresche Goalkeeper.

 

1:2 Nô engem Fräistoss op der Säit, wobäi e Fola-Spiller mutterseilenaleng um 5-Meter era schieben kann.

 

Equipe:

Bobby Jiang- Marc Noth, Paul Gitzinger, Alex Welsch, Leoandro Lopes-

Robin Steffen, Cedric Zimmer, Nicolas Oswald, Goncalo Ferreira-

Benssad Sulejmani, Nicola Schweich

 

Reserve: Pol Backes , Niko Bock, Raffael Almeida, Kaadir Akram, Yannick Lopes

 

 

Red Star Merl - Entente Berbourg/Biwer/CSG    1:1 (0:1)

 

Eis Cadets 2war spillfräi, an huet nô schwacher Leeschtung  an engem Testspill Remis géint hier Kollegen vum Red Star Merl gespillt.

 

 



Share |