Seniors I: Ongléckleg Neierlaag géint Wuermer

FC Berdenia Berbourg – FC Koeppchen Wormeldange 1:2 (0:0)

 

Quasi an der leschter Minutt konnten déi Wuermer sech an engem interessanten Match duerchsetzen.

 

Obwuel déi Wuermer déi éischt Chance am Match haaten (6.Minutt), hunn déi Berbuerger déi éischt Halschent dominéiert an de Féierungstreffer méi wéi eng Kéier do leien. BeschteChancen goufen nët genotzt, sou huet zum Beispill dem Pol Petry säi Schoss nô engem Corner an der 22. Minutt wéi och dem Daniel Benner säi Schoss eng Minutt drop den Wee an de Filet nët fonnt. An der 27.Minutt trefft den Benner just den Potto an an der 40. Minutt sollt dem Achmed Boussi säi Lupfer de Goal nemmen em Millimeter verfehlen.

 

No der Paus sin déi Wuermer méi staark gin a konnten an der 63.Minutt mat engem onhaalbaren Kappball an den Wenkel a Féierung goen.

10 Minutten drop konnt de Boussi dunn awer fir déi Berbuerger ausgläichen. Mee déi Wuermer haaten einfach méi vum Match a konnten !ëmmer rëm geféierlech virun eise Goal kommen. Déi beschte Chance konnt de Sam Faber am Goal mat enger Glanzparad entschärfen (78.Minutt).

 

Wéi sech all Mensch mam Remis ugefrënnt huet, sollt awer nach de Goal an der 89.Minutt fir d’Gäscht faalen: Ee ragedréihten Ball konnt de Faber nach un den Potto deviéieren, den Nôschoss an den eidelen Goal war dunn keen Problem fir den Wuermer Stiermer.

 

Wat eng batter, awer leider nët onverdéngten Neierlaag. Wuermer huet an der 2. Halschent méi fir de Match gemaach, allerdengs hätten se sech iwert e Reckstand aus der 1. Halschent nët beschwéieren dierfen.

 

Eis Jongen spillen wesentlech besser wéi an den éischte puer Matcher, keen Zweifel. Mee sie mussen ufänken, sech fir hier Aarbescht mat Goaler ze belounen an sech hiert Gleck erkämpfen.

 

Nächsten Sonnden ass kee Championnat! Mir spillen am 2.Tour vun der Coupe de Luxembourg um 16:00 Auer zu Véianen géint den Orania Vianden.


FCBB : Faber – Kaufmann (C), Weidert, Kohl, Petry (73.Thies) – Contrino (67.Boever), Dias Ramada, Le Conte, Benner (85.Freitas) – Boussi, Reiter

Reserve: Hristov, Boever, Freitas, Thies, Dzogovic

Net dobäi: Becker, Roderich, Bagienski, Stommes, Frank, Ruppert, Schmit

 


Share |