Seniors I : Punktedeelung beim CS Uewerkuer

C.S. Oberkorn – FC Berdenia Berbourg  0:0 (0:0)

 

Duerch eng richteg gutt Leeschtung koumen eis Jongen um Mëttwoch Owend zu engem 0:0 remis zu Uewerkuer. Leider, muss ee soen, hu mer awer 2 Punkten hänken gelooss, well déi Berbuerger de ganzen Match dominéiert hunn an déi kloer besser Chancen haat.

 

Vun Ufank un waren dei Orange spillbestëmmend a koumen duerch gutt Offensivaktiounen zum Oofschloss: De Marius Reiter scheitert an der 2. Minutt am 1 géint 1 um Keeper, wéi och den Daniel Contrino an der 13. Minutt, dem Achmed Boussi säin Nôschoss verfehlt an der selweschter Aktioun  de Goal nëmmen ëm Zentimeter. Ee weideren Wäitschoss vum Boussi sollt ganz knapp laanscht de Potto goen (31.Minutt) an eng schéin rausgespillten Aktioun kuerz virun der Paus, konnt den Daniel Benner mat sengem gudden Schoss nët ausnotzen. 

 

No der Paus daat selwescht Bild. Dem Contrino säi strammen Wäitschoss as leider just un den Potto geklatscht (60.Minutt). Eng weider Riesenchance haat den Boussi mat engem gefeierlechen Fräistouss an der 72.Minutt, deen den Uewerkuerer Keeper nach sou just iwert d’Laat gedreckt kruut. Weider gudd Ugrëff sollten leider net gekréint ginn.

 

D’Partie as e bësschen oofgeflaacht, mee en Goal fir dei Orange louch permanent an der Loft.  Schlussendlech as et awer beim 0:0 bliwen, woubäi d’Haushären keng eenzeg nennenswert Goalchance haaten.

 

Gudden Asaatz, gutt Leeschtung vun eise Jongen, op döi sech definitiv opbauen löisst. Mat där selweschter Leeschtung sin en Sonnden am Derby göint Wuermer am Stade Rénert um 16:00 Auer bestëmmt déi éischt Punkten doheem dran !

 

FCBB: Faber – Petry, Weidert, Bagienski (76.Kohl), Kaufmann (C) – Benner (61.Boever), Dias Ramada, Le Conte, Contrino – Boussi, Reiter

Reserve : Hristov, Boever, Kohl, Dzogovic, Thies

Net dobäi: Becker, Roderich, Freitas, Lopes, Schmit, Stommes, Frank, Ruppert

 


Share |