Seniors I : Néierlaag géint Bartreng 

FC Berdenia Berbourg – Sporting Bertrange 1:4 (0:1)

 

Eng weider Neierlaag gouf et am 3. Heemmatch an der Saison.

Déi Berbuerger kënnen sech glécklech schätzen, dat se nët schon an der 1. Halschent ënnert d’Rieder komm sin, mee déi Bartrenger konnten hier deelweis Riesechancen nët nëtzen. Ann awer si se an der 31.Minutt a Féierung gaangen.

 

Nô der Pause sin déi Bartrenger awer dunn méi efficace ginn, a konnten mat der 1. Chance nôm Téi hier Féierung ausbauen (48. Minutt). An der 67. Minutt konnten se een herrlechen Fräistouss genau an den Wenkel zum 0:3 erasetzen, ier se an der 75. per Wäitschoss op 0:4 erhéigen konnten.

 

2 Minutten drop flitt een Bartrenger Verteideger mat giel-rout vum Terrain. Interessanterwäis hätt dee Spiller schon laang nët méi dierften um Terrain stoën, well en an der 23. Minutt den Jerry Boever mat Noutbrems kuerz virum Stroofraum gestoppt huet an dofir just giel kruut.

 

1 Minutt drop, konnten den Charel Weidert op 1:4 verkierzen.

 

Géint 10 Bartrenger koum dunn déi beschte Phase vun den Berbuerger. An deene läschten 10 Minutten vum Match konnten se sech méi Chancen rausspillen, wéi an den 80.Minutten virdrun.  Mee leider sollt keng weider Geleenheet genotzt gin ze verkierzen.


Schlecht Leeschtung, mat vill Gleck nët méi héich verluer. Wann d'Jongen nët léieren, sech als Equipe ze presentéieren an och esou opzetrieden, gëtt et eng ellen Saison.


De Mëttwoch, spillen mer beim CSO zu Uewerkuer. Géint den direkten Konkurrent DIERFEN mer nët verléieren. Nächsten Sonnden spillen mer am Stade Renert geint d’Miseler vun Wuermer, wei ëmmer um 16:00 Auer.

 

FCBB : Becker – Benner, Schmit, Weidert, Kaufmann (C) – Boever (46.Petry), Le Conte (61.Frank), Dias Ramada, Boussi – Roderich (46.Lopes), Freitas


Réserve: Faber, Bagienski, Frank, Lopes, Petry

 

Nët dobai : Contrino, Reiter, Hristov, Thies, Kohl, Ruppert, Dzogovic, Stommes,

 


Share |