Gudden Saisons-Optakt fir eis Cadetséquipen

Cadets Entente Berbourg/CSG/Biwer
Cadets Entente Berbourg/CSG/Biwer

ENTENTE  CSG/BIWER/BERBOURG – FC Schifflange 6:1  (3:0)

D’Equipe huet an der 1. Halschend eng gutt Prestatioun gemach, wouvunn besonnes déi éischt 20 Minuten ganz gutt waren. Nô 15 Minuten stong et schon verdengt 3:0,  well eis Equipe vill Drock op de Géigner gemach huet, dien och dôduerch nët zum Zuch koum.

An der 2 Halschend hu mir direkt nôm Upëff vum Arbitter de 4ten Goal geschoss, an duerno de Match locker erôfgespillt, a wuelverdéngt gewonnen.  

Goaler: Benssad Sulejmani 4x

Nicola Schweich 1x

Janik Bock 1X

Equipe:

Bobby Jiang -Cyrille Nickels, Paul Gitzinger, Alex Welsch, Leoandro Lopes-Pol Backes, Cedric Zimmer, Nicolas Oswald, Goncalo Ferreira-Benssad Sulejmani, Nicola Schweich

Réserve: Niko Bock, Janik Bock, Robin Steffen, Raffael Almeida, Yannick Lopes

 

ENTENTE OSTEN  - ENTENTE  BERBOURG/BIWER/CSG  2:5 (0:1)


Nô 5 Wochen Viirbereedung ass et mam Derby géint d’Entente OSTEN endlech ëm Punkten gaangen.  

Et war eng 1. Halbzéit wou kee richtege Spillfloss sollt opkommen, an esou war et och op Korner hin wou di Orange/Schwaarz 1:0 virkoumen. De Steven DOS SANTOS huet mam Kapp eragesat.

No der Paus huet de Géigner ëmgestallt a mir kruten hiere Stiermer nët an de Grëff esou dass d’Heeméquipe bannent kuerzer Zéit 2:1 virkoum.

Positiv ze gesin war datt eis Equipe awer net opgin huet, a verdingterweis nees gléichzéie konnt, fir kuerz drop mat weideren 3 Goaler nozeléen an alles kloer ze maachen.

Et hu marquéiert : Steven DOS SANTOS, Filipe GONCALVES (2) a Yannick SCHROEDER.

Deemno e verdingten Erfolleg um Enn ob dem ët sech opbauen léisst.

 

EQUIPE : Bob SCHRANTZ (C) – Ribeiro Luis, Kaadir AKRAM, Pierre GRETSCH, Jérôme KRING – Marc NOTH –Thomas STURM, Filipe PINTO, Steven DOS SANTOS, Glenn ARTOIS – Yannick SCHROEDER  

Reserve : Nick ASSEL, Jo PITZEN, Filipe GONCALVES a Philippe SCHILTZ.

    

 


Share |