Seniors 1: Berbourg mam 1. Succès

Daring Echternach – FC Berdenia Berbourg 2:3 (1:1)

Am Derby bei eisem Noper gouf et Alles, wat e Match brauch. Interessant awer, 7.-€ Entrée ze froën, fir op engem zweeten Terrain ze spillen, waat politesch net wierklech korrekt ass… Fussballerech war et éischter kee Stäremenu, mee zu desem Moment ass Kampf a Asaatz deen eenzegen Wee, fir zu Punkten ze kommen.

Déi Iechternacher si völleg iwwerraschend an der 17. Minutt mat engem Sonndesschoss aus 25 Meter an den Wenkel a Féierung gangen. Bis dohinner haaten déi Orange de Match awer sou wäit am Grëff. Kuerz virun der Paus war et den Dany Le Conte, deen ausgläichen konnt, wéi hien eng Flank, nô engem kuerz ausgefouertem Corner, nach konnt entscheedend an den Filet deviéieren.

Nô der Paus huet den Match ugefaangen wesentlech méi hektesch ze ginn. Et war den Boussi, deen no engem Ball an d’Déiwt  all Mensch stoe gelooss huet an äiskaal an der 59. Minutt den 1:2 markéier huet.

An der 74. Minutt kasséiert den Marius Reiter seng 2. giel Kaart a muss vum Steck, fir eng Aktioun dei wahrscheinlech just een eenzegen um Terrain sou gesin huet… Déi Berbuerger spillen awer weider no fir an goufen puer Minutten drop belount: de Julian Roderich spillt de Boussi gudd an den Laaf un, dee leet an den Stroofraum, wou den Daniel Contrino nach e Verteideger ëmspillt an zum 1:3 rasetzt.

An der 80.Minutt sollt et dann rëm méi spannend ginn, wéi déi Iechternacher op 2:3 verkierzen kënnen.  Zu 9 as et dunn an déi lescht Sekonnen gaangen, wei den Contrino wéinst Handspill seng 2. giel Kaart kruut. Mee et sollt um Enn duergoen.

Endlech, den éischten Succès fir dës Saison, deen eis Jongen sech duerch hiere gudden Asaatz an der zweeter Hallschent och batter verdéngt hunn.


Lô gëlt et, nächsten Weekend géint Bartreng am Stade Rénert um 16:00 Auer de Réckewand matzehuelen.

 

FCBB: Becker – Boever (53. Benner), Weidert, Bagienski (46. Kohl), Kaufmann (C) – Boussi, Dias Ramada (69. Freitas), Le Conte, Contrino – Roderich, Reiter

Réserve: Faber, Kohl, Benner, Freitas, Lopes

Net dobäi: Hristov, Thies, Dzogovic, Ruppert, Stommes, Wengler, Vetter, Frank

 

Share |