Nei Trikoten fir eis éischt Equipe

Schons am Virfeld vum éischten Heemmatch an der Saison 2015/2016 géint den FC Munsbach, kruut eis 1.Equipe hier nei Uniform. Wei och schons déi Uniform virdrun, gouf dat ganzt Material vun eisen 2.Haaptsponsoren, dem Café “Beim Beichtstull” an vum Domaine “Aly Duhr & Fils” , zesummen mat “ruby – show yourself” gestëfft.

 

Stellvertriedend  huet de Carlo Wampach, de "Wiert vun eisem Vertrauen" dann och eng Uniform entgéint geholl, fir se bei sëch am Café "Beim Beichtststull" zu Berbourg auszehänken.


Duerfir dann och ob dëser Plaatz den Opruff un eis Frënn, Membren a Symphatisanten, d'Sponsoren vum FC Berdenia Berbourg ze ënnerstëtzen.


Ouni d'Ënnerstëtzung vun esou wertvolle Partner, kënnt eise Veräin op dësem Niveau nët bestoën an dat an alle Kategorien vum Jugend- bis béi de Seniorsberäich.


Vun Verainssäit duerfir ee riesengroussen MERCI un déi 3 edel Spender.











 


 


 




Share |