De Fehlstart ass perfekt!



Fc Berdenia Berbourg – Sc Bettembourg 1-2 (1-0).

Am dretten Match vun der neier Saison, gouf et leider och dei dretten Defaite. Zwar hun dest Keier Leeschtung an Asaatz gestemmt, leider konnten mer eis divers heichkraäteg Chancen net notzen, fir den Deckel op den Match ze setzen. Wann een se fir net ranmescht, get een hannen gestrooft heescht et am Fussballsjagon: leider as genau daat den Sonnden agetraff. 

Den 1-0 fällt no Elefmeter an der 23. Minutt, wei den Marius Reiter am Stroofraum gefoult gouf. Den Julian Roderich markeiert. 

Och op Foulelefmeter hin fällt dunn den Ausglaich an der 52. Spillminutt.

Weider Chancen a Feierung ze goen goufen net genotzt. An der 82. Minutt gouf eis rem een Foulelefmeter zougesprach inklusive rout Kaart fir den Beetbuerger Verteideger. Leider konnt den Roderich dei Chance net notzen an am Geigenzuch war et Beetebuerg dei op Konter konnten den 1-2 rasetzen. 

Batteren Optakt, batter Neierlaag. Et sollt een d’Käpp net hänken loosen, et waren vill gudd Usätz ze gesin, genau sou wei eng daitlesch Leeschtungssteigerung. 

Den 1. Punktgewenn gelt et dann lo am Derby nächsten Weekend beim Opsteiger vun Iechternach ze huelen. Gespillt get um 16:00 Auer beim Fc Daring. 

FCBB: Becker – Boever (57.Benner), Weidert, Bagienski, Kaufmann (C) – Boussi, Le Conte, Dias Ramada, Roderich, Contrino – Reiter (66.Freitas)
Réserve : Faber, Benner, Freitas, Dzogovic, Kohl

Net dobai: Hristov, Thies, Ruppert, Wengler, Stommes, Frank, Vetter, Petry 

Share |