Seniors I: Katastrophalen Optakt an déi néi Saison

FC Schifflange 95 – FC Berdenia Berbourg 7-1 (4-0).

 

Mat der däitlechster Défaite säit Jâren, sinn eis Jongen am 1.Championnatsmatch zu Schëffleng béis ënnert d’Rieder komm. Ze wéineg Bëss, eng harmlos Offensive, a vill ze vill Fehler hunn dëst penibelt Resultat provozéiert. Sou huet sëch den Trainerduo Trierweiler/Huss hieren Optakt sëcherlech nët virgestallt.

 

Mat 4:0 (5., 29., 43. (Eelëfmeter) an 45. Minutt) ass et an d’Paus gaangen, ier de Charel Weidert konnt den Uschlosstreffer markéieren. Weider Goaler konnten mer net machen, an déi Schefflenger konnten mat 3 weideren Goaler  an den leschten 10 Minutten hier Leeschtung kréinen.

 

Zu allem Iwwerfloss as eise Kaptiän de Manu Kaufmann, och nach mat giel-rout vum Terrain geflunn (63. Minutt).

 

De Sonnden spille mer am Stade Renert den éischten Heemmatch géint den Opsteiger vu Mënsbech, dës Kéier dann hoffentlech mat 90 Minutten Vollgasfussball.

 

FCBB: Hristov – Boever, Kohl, Weidert, Kaufmann © - Boussi, Le Conte (77.Reiter), Dias Ramada (53.Freitas), Bagienski, Contrino (69.Thies) – Roderich

 

Rés. : Becker, Freitas, Thies, Reiter, Dzogovic

 

Net dobäi: Faber, Ruppert, Benner, Frank, Stommes, Vetter, Wengler

 


Share |