Berbuerg verléiert zu Monnerech trotz ganz starker 1. Halschent  4:1 (2:1)

FC Monnerich – Berdenia Berbourg  4:1 (2:1)

 

DéI Berbuerger Equipe huet géint de Veräin aus der Eierepromotion e ganz gudde  Match gespillt, an huet sech haaptsächlech an der éischter Halschent  eng iwwert déi âner Chance erausgespillt. D’Equipe vu Monnerech hätt sech duerfir nët missen bekloën, wann sie mat engem Réckstand an d‘Paus gaangen wären. Leider huet eis Equipe ët awer nët fäerdeg bruecht hier Goalchancen eranzemaachen, ânescht de Géigner die mat 2 Schëss op de Goal mat 2:1 an d‘Paus gaangen ass.

 

Nô der Paus hunn déi Monnerecher méi Pressing gespillt, eis Equipe stoung ganz uerdentlech a kompakt, esou dass de Géigner just mat Distanzschëss konnt markéieren.

 

18‘ 1:0 (Fräistouss 18m)

25‘ 1:1 Contrino (Viirarbecht Boussi)

45‘ 2:1 (Distanzschoss)

70‘ 3:1

75‘ 4:1 (Distanzschoss)

 

Equipe:

 

Becker, Kohl, Weidert, Boever, Kaufmann, LeConte, Bagienski, Roderich, Boussi, Contrino, Freitas

 

55‘ Benner fir Boever

60‘ Chenneaux fir Freitas

70‘ Vetter fier LeConte

 

De nächste Match vun eise Seniors 1 ass dëse Mëttwoch, 19.08.2015 um 20:00 Auer zu Berbourg. Géigner ass den FC Kehlen, e Veräin dien och an  der 1. Divisioun awer am  Bezirk 1 spilt. 

 

E Sondeg, 23.08.2015 geet ët dann definitif lass mam Championnat, mir spillen auswäerts um 16:00 Auer géint den FC Schifflange 95.

 

 

Am ânere Frëndschaftsmatch vun dësem Weekend hun eis Cadets an der Entente CSG-FCBB-FCJB mat 12:2 géint d’Damen vun TuS Issel gewonnen. Et war de Jongen hieren 1. Match an der neier Entente, géint en iwwerfuerderten Géigner, ass schons flott zesumme gespillt ginn.

 


Share |